Energie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Ënnert Energie versteet een eng potenziell Kraaft, ënnert welcher Form och ëmmer, déi et erlaabt, eng Aarbecht ze maachen. D'Wuert Energie kënnt vum griicheschen εργοs (ergos), wat "Aarbecht" bedeit. De Begrëff Energie ass vum schottesche Physiker William John Macquorn Rankine am Joer 1852 am heitege Sënn an d'Physik agefouert ginn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Déi verschidden Energieaarten
[Änneren] Mechanesch Energie
Gemengt ass déi potenziell Energie, déi sech aus engem mechanesche System ergëtt.
[Änneren] Thermesch-Energie oder inherent Energie
Dat ass déi Energie, déi a Moleculen oder Atome vun enger Matière gespäichert ass.
[Änneren] Elektresch oder magnéitesch Energie
Si gëtt ofgeleet aus dem physesche Prinzip, dat Deeler vun engem Stoff, wann elektresch oder magnéitesch opgeluet, sech unzéien oder ofstoussen.
[Änneren] Bindungs-Energie
Si gëtt bei engem chemeschen oder atomare Prozess fräigesat.
[Änneren] Primär a sekundär Energie
Well d'Energie net verschwanne mee nëmmen ëmgewandelt ka ginn, schwätzt ee vu
- Primärer Energie a vu
- Sekundärer Energie, déi aus engem Ëmwandlungsprozess entsteet (z.B. d'elektresch Energie als Produkt vun der Verbrennung vu Kuelen oder Mazout oder als Produkt vun der Atomspaltung).
[Änneren] Net erneierbar an erneierbar Energien
- Net erneierbar ass déi Energie, deenen hir Ressourcë limitéiert sinn. Dat trëfft z.B. fir d'fossil Brennstoffer a fir de Petroll, deenen hir Reservë limitéiert sinn, zou.
- Erneierbar ass d'Energie, déi aus dem Holz, dat nowiisst, dem Wand, dem Waasser oder der atomarer Spaltung kënnt.
[Änneren] D'Energieproduktioun
Am Laf vun der Zäit huet sech d'Struktur vun der Energieproduktioun staark verännert an eng Rei vu Konsequenzen hu sech doraus erginn:
- Réckgank vun dem Kuelenundeel un der Produktioun vu Primärenergie
- Wuessenden Undeel vun der Atomenergie
- Ongläichgewiicht tëchent de geographeschen Zone wou Energie produzéiert gëtt an de Regioune wou déi meescht Energie verbraucht gëtt
- Perspektiv vun enger Energieknappheet
- Onrentabel Anlage fir d'Produktioun vun Energie an den Ëntwécklungslänner (Anlage mat grousse Perten)
[Änneren] D'Entwécklung vum Energiekonsum
De relativen Energiekonsum ass vu Land zu Land staark verschidden a spigelt an engem gewësse Mooss den Entwécklungsgrad an dem Klima vun de Länner zeréck.
- Energiekonsum vu verschiddenen Industrielänner :
Pro Joer a pro Kapp vun der Bevëlkerung, an TEP-Unitéiten :
-
- Island 12,246
- Lëtzebuerg 8,409
- Kanada 8,156
- USA 8,148
- Finnland 6,409
- Belsch 5,776
- Australien 5,740
- Norwegen 5,704
- Schweden 5,354
Wéi ënnerschiddlech de relativen Energiekonsum an de verschiddene Länner ass, geet aus der Tatsaach ervir, datt de relative Konsum vun Energie pro Kapp vun der Bevëlkerung tëschent 1 a 60 an den eenzele Länner variéiert.
Den Energiekonsum huet an de leschte Joren iwwerall staark zougeholl an et gëtt gefaart datt vill Reservë vun net erneierbarer Energie (Petroll ënnert aneren) an den nächste Joerzéngten ausginn.
[Änneren] Energiekonsum an Ëmweltproblemer
Verschidden Ëmweltproblemer stelle sech ogrond vum staark klammenden Energiekonsum:
- De Problem vun der Loftverpëschtung besonnesch duerch d'Kueleverbrennung an den Austouss vun CO2 duerch d'Autoen
- De Problem vum Klimawiessel duerch d'Zerstéierung vun der Ozonschicht an der Atmosphär
- De Problem vum Strahleschutz am Zesummenhang mat den Atomzentralen an der Lagerung vun atomaren Offäll