Belsche Fändel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] De Fändel
[Änneren] Aféierung
De belsche Fändel gouf den 23. Januar 1831 agefouert.
[Änneren] Proportioun an Andeelung
13:15 Vertikal, zu gléichen Moossen dräi Faarwen: schwaarz, giel, rout
[Änneren] Faarwen
- Rout: Pantone 186 c / CMYK (%) C 0 - M90 - Y 80 - K 5
- Giel: Pantone 116 c / CMYK (%) C 0 - M 15 - Y 95 - K 0
D'Faarwen vum belsche Fändel sinn vum Wope vun der Provënz Brabant iwwerholl ginn. Dëst Wope weist ee giele Léiw op schwaarzem Schëld, deen no lénks kuckt, mat enger rouder Zong an engem rouden Schwanz.
[Änneren] Geschicht
Den 26. August 1830 sinn no der Opféierung vun der Muette de Portici-Oper am Monnaie Theater zu Bréissel, Onrouhen ausgebrach. Iwwerall huet een d'Faarwen vum Brabant gesinn. Wéi deemools, 1789 bei der Brabantener Revolution, ginn déi orange Fändele vun Holland an déi franséisch Tricolore eroofgerappt.
Den Lucien Jottrand, éditeur vum Courrier des Pays-Bas, soll den Ustëfter gewiecht sinn. Hien huet dem Affekot Ducpétiaux opgedroen fir ee Fändel mat den Faarwen vum Brabant ze maachen.
Dësen huet Material kaaft a mat Chance eng Néiesch fonnt, um Eck vun der Rue de la Colline mat der Rue du Marché aux Herbes, fir deen eischte belsche Fändel ze bitzen.
Dës Aarbecht kann een op enger Molerei vum E. Vermeersch gesinn. D'Bild hängt am Musée Royal de l'Armée et d'Histoire Militaire zu Bréissel. Et ass een Uelegbild op Toile, 90 x 125 cm.