Benediktiner
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel zum Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Benediktiner bilden en Uerde vun der réimesch-kathoulescher Kierch (et sief bemierkt datt et och nach anglikanesch Benediktiner/innen ginn), mam offiziellen Numm Ordo Sancti Benediti (Uerde vum Hellege Benedikt, ofgekierzt OSB). Dësen Uerde geet op de Benedikt vun Nursia (* em 480; † 547) zeréck deen eng Regel fir d'Zesummeliewen verfaasst huet. Et gëtt souwuel e männlechen (reliéis Bridder a Pateren) wéi e weiblechen Aascht (Nonnen).
Déi éischt Benediktinerkléischter goufen am fréien 6. Joerhonnert zu Subiaco bei Roum gegrënnt. 539 huet de Benedikt d' Klouschter um Montecassino gegrënnt an do seng "Regelen" opgeschriwwen.
D'Membere vum Uerde versprieche Bestennegkeet (stabilitas), bestänneg Ëmkéier (conversatio morum) a Gehorsam (oboedientia). Si liewen an Kléischter déi entweder Abtei (méi wéi 12 Memberen a vum Poopst zur Abtei erhuewen, mat engem Abt/Äbtissin un der Spëtzt) sinn oder Priorat (ofhängech vun enger Abtei oder selbstänneg, mat engem Prior/Priorin un der Spëtzt). D'Abteien an d'Priorater sinn a verschidde Kongregatiounen zesummegefaasst. Weltwäit gehéieren iwwer 8000 Männer an iwwer 18000 Fraen zum Benediktineruerden.
Zu Lëtzebuerg ginn et nach 2 Néierloossunge vu Benediktiner: d'Abtei zu Klierf an d'Benediktinerinnepriorat zu Peppeng. Fréier gouf et och nach d'Iechternacher Abtei (déi vum Hl. Willibrord gegrënnt gouf) an d'Abtei Altmünster déi spéider an d'Abtei Neimünster emgesiedelt gouf wéi de Plateau Altmünster fir wiertechnesch Zwecker gebraucht gouf.