Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Web Analytics
Cookie Policy Terms and Conditions Kathoulesch Kierch - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Kathoulesch Kierch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'kathoulesch Kierch ass eng Konfessioun vun der chrëschtlecher Relioun déi sech nom Schisma am Joer 1054 a Westeuropa entwéckelt huet. Haut ass se iwwert d'ganz Welt verbreet (besonnesch an Westeuropa a Latäinamerika, awer och méi a méi an Asien) a mat ongeféier 1 Milliard Unhänger déi gréisst chrëschtlech Konfessioun.

Zur kathoulescher Kierch gehéieren u sech all d'Chrëschten déi de Poopst vu Roum als "Chef" ugesinn (an déi ennen beschriwwe Glawensinhalter deelen). An eise Géigenden mengt ee mat "kathoulesch Kierch" meeschtens déi "réimesch-kathoulesch Kierch", mee nieft dëser ginn et awer och nach aner (22) kathoulesch sougenannt Deelkierchen, déi de Poopst unerkennen awer en anere Ritus hunn, z.B. déi chaldäesch-kathoulesch Kierch oder déi melkitesch griichesch-kathoulesch Kierch.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Glawensinhalter

Déi essentiell Glawensinhalter fanne sech an dem apostolesche Glawensbekenntnis an an deem vun Nicäa-Konstantinopel. Dës Glawensbekenntnisser ginn och vu villen anere Konfessiounen ugeholl a gegleeft. Doraus an dodriwwereraus gi folgend Punkten ervir:

  • D'Katholike gleewen un e Gott deen unique, perséinlech, allmächteg, allwëssend an allgüteg ass; well dës Attributer net, no mënschlechen Iwwerleeungen, mat der Existenz vun Ongléck a Miser an der Welt kompatibel sinn, stellt sech d'Fro vun der Theodizee.
  • Dëse Gott ass (obschonns en unique ass) dräifalteg, d.h. déi eng gëttlech Natur enthält 3 Persounen: Gott Papp, Gott Jong deen als Jesus Christus op d'Welt koum a Gott Hellege Geescht.
  • D'kathoulesch Kierch kënnt 7 Sakramenter déi sichtbar Zeeche fir eng onsichtbar Realitéit sinn (Daf, Eucharistie (Kommioun), Firmung, Versöhnung (Beicht), Bestiedness, Krankesalbung a Priesterwei), vu besonnescher Wichtegkeet ass d'Eucharistie an deer fir d'Katholike Gott real präsent ass.
  • D'Hëllegen- a Muttergottesveréierung spillt och eng gewëss Roll am kathoulesche Glawen, si ginn nämlech als Virbiller a Vermëttler (Fürsprecher) tëscht Gott an de Mënschen ugesinn.

[Änneren] Moral

D'Moralléier vun der kathoulescher Kierch fousst op den 10 Geboter an op den Aussoe vu Jesus Christus, besonnesch an der Biergpriedegt. Aus dësen an aneren Elementer gouf déi sougenannt chrëschtlech Sozialléier opgestallt déi op folgende Prinzipie berouet:

  • Solidaritéit: déi Räich a Staark aus der Gesellschaft musse sech ëm déi Aarm a Schwaach këmmeren.
  • Subsidiaritéit: iwwergeuerdnet Strukturen däerfe sech nëmmen ëm ënnergeuerdneter këmmere wann dës net vu sech aus dozu fäeg sinn
  • Personalitéit: déi mënschlech Persoun besteet vun hirer Emfängnis bis zu hirem leschten Otemzuch an hir därf kee Leed zougefügt ginn. Esou sinn dann esouwuel Ofdreiwung ewéi och Euthanasie net erlaabt.
  • Gemengwuel: dat gréisst méigelecht Wuel fir esouvill wéi méigelech Leit

et ginn och zanter enger Zäitchen derbäigezielt:

  • Optioun fir déi Aarm: et ass hautesdaags méigelech den Aarmut aus der Welt ze radéieren, dofir muss alles méigeleches gemaach ginn.
  • Nohaltegkeet: net op Käschte vun den zoukënftege Generatioune liewen, Ëmweltschutz (als Erhale vun der Schëpfung)

Besonnesche Wert gëtt och op d'Sexualmoral geluecht. Dës beseet ausser deene Saachen déi schonns bei "Personalitéit" beschriwwe sinn datt Sex déi lescht Stuf vum Sech-een-dem-anere-schenken ass an dofir just an enger bestuetener Koppel erlaabt ass. Kënschtlech Kontrazeptioun ass onzoulässeg well se verhënnert déi vu Gott geschenkte Kanner ze emfänken.

Bei alldem hëlt d'kathoulesch Kierch d'Existenz vum Naturrecht un, dat am Evangelium seng Vollendung fënnt.

[Änneren] Selbstverständnis

D'Kierch gesäit hir Aufgab an der Verherrlechung vu Gott an dëst besonnesch duerch den Déngscht un de Matmënschen. Als hir dräi Grondaufgabe betruecht se:

  • Martyria (Verkënnegung, Bezeien): de Message vum Evangelium annoncéieren an der ganzer Welt
  • Leiturgia (Feieren): an der Gemeinschaft de Message vum Evangelium commémoréien a feieren
  • Diakonia (Déngen): de Matmënschen zur Säit stoen

[Änneren] Hierarchie (Organisatioun)

D'kathoulesch Kierch ass (pyramidal) hierarchesch opgebaut: un hirer Spëtzt steet de Poopst (als Bëschof vu Roum), hien huet u senger Säit Kardinäl déi him an der Leedung vun der Universalkierch hëllefen.

De gréissten Deel un der Welt ass an territorial Diozesen opgedeelt un denen hirer Spëtzt je ee Bëschof steet, dësen ass de Chef vun der Lokalkierch a sengem Diozes a verbënnt dës mat der Universalkierch.

All Diozes ass a Paren opgedeelt mat engem Paschtouer als Virsteeër dee sech konkret ëm déi Gleeweg um Terrain ze këmmeren huet.

[Änneren] Kritik

[Änneren] Kritik un den Inhalter

  • Glawensinhalter

Iwwer Inhalter gëtt haaptsächlech op theologeschem Niveau gestridden, ausgehend vu Leit déi aner Weltbiller hunn, z. B. Materialismus, Deismus; et handelt sech also dacks ëm eng Metaphysikkritik. Besonnesch dacks gëtt (explizit oder implizit) d'Fro vun der Theodizee opgeworf.

  • Moral

Der Moral (besonnesch der Sexualmoral) vun der Kierch gëtt virgeworf se wär ze streng, net zäitgeméiss a géif duerch Verbidde vu Verhütungsmëttele d'Ausbreede vun AIDS favoriséieren.

[Änneren] Kritik un der Institutioun

Nieft enger ganzer Rei Verfeelungen am Laf vun der Geschicht (z.B. der Inquisitioun), gëtt der Kierch hir streng Hierarchie virgeworf déi d'Eegeninitiativ net favoriséiert. Des weidere gëtt beklot et géif keng Gläichstellung vu Mann a Fra gi well d'Fraen net kennen zum Priester geweit ginn.

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu