Bim Diederich
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Bim Diederich ass als Jean Diederich den 20. Februar 1922 zu Esch-Uelzecht op d'Welt komm. 1933 si seng Elteren op Péiteng geplënnert.
De Spëtznumm Bim huet hie kritt, wëll en 1938 zu Péiteng an der Apdikt Aulner fir 300 Frang am Mount geschafft huet an, nieft aneren Medikamenter, och "Yohimbine" (e Potenzmëttel, kuerz "Joe Bim" genannt) verkaaft huet.
1937 ass hien an de Péitenger Vëlosclub agetruede wou hien den 23. Mäerz 1939 seng éischte Course gefuer ass. Am Juli 1947 ass hie "Profi" ginn, fir kënnen den Tour de France matzefueren.
Säi gréisste sportlechen Erfolleg hat hien am Tour de France 1951, wou en 3 Deeg am Maillot jaune gefuer ass. An der Etapp vu Reims op Gand huet de Bim, 40 Kilometer virun der Arrivée, am Mur de Grammont, seng 3 Matfuerer afgehaangen an ass als éischten zu Gand ukomm. Wéinst dëser aussergewéinlecher Leeschtung huet hien den Numm "Duc de Grammont" kritt.
1954 ass hie seng läscht Course, den Tour de Luxembourg, gefuer. Hien ass den 11. ginn. Duerno huet e sech bestuet an huet zu Péiteng e Vëlosgeschäft ugefaangen. Säi Meedchen ass spéider mam bekannte Coureur Lucien Didier bestuet ginn. Dem Bim säi ganze Stolz ass säin Enkel, den Laurent Didier, dee sengem Papp a sengem Grousspapp an '"Foussstapfen" getrueden ass.
An der Péitenger Sportshal gouf vun der Gemeng eng Galerie Bim Diederich ageriicht mat Erënnerungstécker un dem Bim Diederich seng Sportscarrière.
[Änneren] Palmares
[Änneren] 1945
- 2. am General vum Tour de Luxembourg
- 2. an der 1. Etapp (Esch-Uelzecht}
- 6. am Grand Prix François Faber
[Änneren] 1946
- 2. am Tour de Luxembourg
- 2. vun der 2. Etapp
- 3. vun der 3. Etapp
- 6. vun der 1. Etapp
- 8. vun der 4. Etapp
- 3. beim Circuit "Maine Libre"
- 6. vun der 1. Etapp
- 6. vun der 2. Etapp
- 4. bei der Biergcourse "Omnium de la Route"
- 5. am Tour de Majorque
- 6. vun der 1. Etappe
- 6. am Grand Prix François Faber
- 6. beim G.P. de la Foire de Luxembourg
- 7. beim Circuit de Lorraine
- 7. zu Jemeppe-sur-Sambre
- 11. an der "Volta Ciclista a Catalunya"
- 3. vun der 1. Etapp
- 6. vun der 7. Etapp
[Änneren] 1947
- 1. beim G.P. vu Péiteng
- 2. am Tour de Luxembourg
- 1. vun der 6. Etapp
- 3. vum Biergpräis
- 3. vun der 3. Etapp
- 9. vun der 4. Etapp
- 2. beim Critérium vun Zürich
- 2. bei der Landesmeeschterschaft am Cyclocross
- 3. beim Critérium vu Lëtzebuerg
- 4. bei der Landesmeeschterschaft op der Strooss
- 4. beim Critérium vun Esch-Uelzecht
- 6. bei der Weltmeeschterschaft
- 7. beim G.P. vun Hollerech
- 11. am Tour de Suisse
- 3. vun der 6. Etapp
- 6. vun der 5. Etapp (a)
- 14. a Liège - Bastogne - Liège
- 15. am Tour de France
- 2. vun der 12. Etapp
- 3. vun der 21. Etapp
- 6. vun der 18. Etapp
- 9. vun der 17. Etapp
- 18. am Tour de Belgique
- 34. a Gent - Wevelgem
[Änneren] 1948
- 4. bei der Landesmeeschterschaft am Cyclocross
- 5. beim Critérium vu Lëtzebuerg
- 5. am Tour de Majorque
- 1. vun der (?) Etapp
- 5. vun der 4. Etapp (b)
- 6. beim Critérium vun Arel (Arlon)
- 7. beim Critérium vu Baaschtnech
- 16. am Tour de Luxembourg
- 7. vun der 4. Etapp
- 24. an der Ronde van Nederland
- 1. vun der 5. Etapp (b)
- 5. vun der 5. Etapp (a)
[Änneren] 1949
- 1. am Tour de Luxembourg
- 1. vun der 2. Etapp
- 2. vun der 3. Etapp
- 4. vun der 4. Etapp
- 4. vun der 5. Etapp (a)
- 6. vun der 1. Etapp
- 8. vun der 5. Etapp (b)
- 1. beim Critérium vun Attem (Athus)
- 2. bei der Landesmeeschterschaft op der Strooss
- 2. beim Critérium vu Namur
- 4. bei Paräis-Valenciennes
- 4. beim Circuit des Ardennes Flamandes
- 7. bei der Weltmeeschterschaft
- 8. am Tour de Romandie
- 9. bei Léck-Jemelle
- 9. beim Critérium vu Gembloux
- 15. am Tour de France
- 3. vun der 19. Etapp
- 5. vun der 15. Etapp
- 7. vun der 13. Etapp
- 8. vun der 9. Etapp
- 41. an der Flèche Wallonne
[Änneren] 1950
- 2. bei der Landesmeeschterschaft op der Strooss
- 2. beim G.P. Impanis
- 2. bei Berg-Housse
- 2. am Tour de Luxembourg
- 2. vun der 1. Etapp
- 2. vun der 3. Etapp (b)
- 4. vun der 5. Etapp
- 6. vun der 3. Etapp (a)
- 9. vun der 2. Etapp
- 2. beim Critérium vun Herve
- 3. am Dauphiné Libéré
- 4. vun der 5. Etapp (a)
- 4. vun der 7. Etapp
- 5. vun der 1. Etapp
- 6. bei der Landesmeeschterschaft am Cyclocross
- 16. am Grand Prix du Midi Libre
- 18. am Tour de France
- 1. vun der 15. Etapp
- 3. vun der 10. Etapp
- 3. vun der 17. Etapp
- 7. vun der 22. Etapp
- 29. am Tour de Belgique
[Änneren] 1951
- 1. beim Critérium vu Mons
- 1. beim Critérium vu Péiteng
- 2. am Tour de Luxembourg
- 3. vun der 3. Etapp (a)
- 10. vun der 2. Etapp
- 10. vun der 3. Etapp (b)
- 2. a Rund um Köln
- 3. beim Critérium vu Lëtzebuerg
- 6. beim G.P. du Centenaire zu Alsemberg
- 7. beim G.P. Kellen
- 7. beim Critérium vu Metz
- 9. beim Critérium vu Jemeppes-sur-Meuse
- 12. am Tour de France (3 Deeg am gielen Tricot)
- 1. um Tourmalet
- 1. vun der 2. Etapp
- 5. vun der 8. Etapp
- 13. am Grand Prix du Midi Libre
- 14. am Tour de Suisse
- 3. vun der 8. Etapp
- 6. vun der 2. Etapp (b)
- 34. an der Flèche Wallonne
- 70. a Paris - Bruxelles
[Änneren] 1952
- 1. am Tour de Lorraine
- 1. vun der 2. Etapp
- 2. beim Critérium vu Jambes
- 4. am Tour de Luxembourg
- 3. vun der 1. Etapp (a)
- 3. vun der 1. Etapp (b)
- 4. vun der 4. Etapp (a)
- 5. vun der 4. Etapp (b)
- 8. vun der 2. Etapp
- 9. vun der 3. Etapp
- 5. beim G.P. du Centenaire zu Bréissel
- 7. am Tour des 4 Cantons Suisses
- 8. beim G.P. Eibar
- 17. an der Ronde van Nederland
- 86. a Paris - Bruxelles
- Tour de France
- 1. vun der 5. Etapp
[Änneren] 1953
- 2. bei der Landesmeeschterschaft op der Strooss
- 2. bei Cras Avernas - Remouchamps - Cras Avernas
- 2. beim Critérium vu Jambes
- 4. am Tour de Luxembourg
- 4. vun der 3. Etapp (b)
- 6. vun der 4. Etapp (b)
- 7. vun der 4. Etapp (a)
- 10. vun der 2. Etapp
- 4. bei Nanzeg - Lëtzebuerg
- beim Critérium vu Frameries
- Tour de France (obginn an der 18. Etapp)
[Änneren] 1954
- 11. am Tour de Luxembourg
- 4. vun der 4. Etapp
- 9. vun der 2. Etapp (b)
[Änneren] Equippen
- 1946: Heylett
Frankräich
- 1946: Cilo
Italien
- 1947: Arbos - Talbot
Italien
- 1947: Heylett
Frankräich
- 1948: Garin - Wolber
Frankräich
- 1948: Rico
Lëtzebuerg
- 1949 - 1951: Garin - Wolber
Frankräich
- 1952: Garin - Wolber
Belsch
- 1952: Feru
Schwäiz
- 1953: Garin
Belsch
- 1954: Garin - Diederich
Lëtzebuerg
[Änneren] Literatur
- Angel, Emile: Dem Bim Diederich seng Erënnerungen, De Vëlo ass mäi Liewen Edtioun Service RBS/ENPP ISBN 2-9599796-3-X