Gent
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Gent (fr.: Gand) ass eng Stad an der Belsch an d'Haaptstad vun der Provënz Ostflandern. Si zielt 230.951 Awunner (2005). De Genter Dialekt ass ee vun den typeschsten Dialekten an der Belsch.
[Änneren] Geschicht
D'Wikinger hu Gent an d'Regioun zerstéiert (851-852 an 879-883). Nodeem datt se fort ware gouf d'Grofeschlass gebaut. De Site ëm d'Schlass gouf ausgebaut a gouf den neie Kär vun der Stad, déi dunn ëmmer méi grouss ginn ass.
Vum Joer 1000 u war Gent, vun alle Stied am hollännesche Raum, déi Stad mat de meeschten Awunner.
Gent war och d'Haaptstad vun der fréierer Grofschaft Flanderen, déi sech vun Zäit zu Zäit mat Bruges kritt huet.
[Änneren] Bekannt Genter
- Alexander Agricola, Komponist, Sänger an Instrumentalist
- Walter Godefroot, belsche Vëlosfuerer an Team-Manager
- Karel V., Keeser vum Hellege Réimesche Räich däitscher Natioun
- Helmut Lotti, belsche Startenor
[Änneren] Kuckeswäertes
- D'Saint-Bavon Kathedral mat hirem berühmten Altarréck "Veréierung vum mystesche Lämmchen" (Het Lam Gods) vum Jan van Eyck
- D'Grofeschlass (Gravensteen)
[Änneren] Um Spaweck
Aalst - Aalter - Assenede - Berlare - Beveren - Brakel - Buggenhout - Deinze - Denderleeuw - Dendermonde - De Pinte - Destelbergen - Eeklo - Erpe-Mere - Evergem - Gavere - Gent - Geraardsbergen - Haaltert - Hamme - Herzele - Horebeke - Kaprijke - Kluisbergen - Knesselare - Kruibeke - Kruishoutem - Laarne - Lebbeke - Lede - Lierde - Lochristi - Lokeren - Lovendegem - Maarkedal - Maldegem - Melle - Merelbeke - Moerbeke - Nazareth - Nevele - Ninove - Oosterzele - Oudenaarde - Ronse - Sint-Gillis-Waas - Sint-Laureins - Sint-Lievens-Houtem - Sint-Martens-Latem - Sint-Niklaas - Stekene - Temse - Waarschoot - Waasmunster - Wachtebeke - Wetteren - Wichelen - Wortegem-Petegem - Zele - Zelzate - Zingem - Zomergem - Zottegem - Zulte - Zwalm