Biologeschen Tissu
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Biologeschen Tissu ass eng Grupp vun Zellen, déi d'selwecht gebaut sinn, mat deenen, déi doraus entstane sinn, an déi op déi Manéier déiselwecht Funktioun hunn.
[Änneren] Biologeschen Tissu beim Mamendéier a beim Mënsch
- Den Epitheltissus, deen déi baussenzech oder déi bannenzech Fläch "tapezéiert".
- De Stäiptissu, deen d'Funktioun huet, fir e biologesche Kierper, oder Deeler dervun, ze stäipen. Beispiller: Knorpel, Fetttissu, Schank. De Stäiptissu kann och eng Stoffwiesselfunktioun hunn.
- Den Nerventissu, deen dozou déngt, Nervereizer ze fabrizéieren oder se weiderzeleeden.
- De Muskeltissu, dee sech zesummenzéie kann, an esou Beweegung erlaabt.
An de biologeschen Organen oder Systemer sinn ëmmer e puer Zorte vu biologeschen Tissuen ze fannen.