Bloen Zwerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Blo Zwergen sinn Haaptreistäre vum Spektraltyp O. Déi meescht masseräich Stäre sinn an hirer Ufangsphas blo Zwergen.
Stären vun dësem Typ hu gewéinlech eng Mass vu ronn 50 Sonnemassen. Hir Liichtkraaft ass 10.000mol méi grouss wéi déi vun der Sonn. Opgrond vun der héiger Energie huet d’Strahlung eng méi héich Frequenz an erschéngt als blot Liicht.
Well de relativen Undeel vu masseräiche Stäre kleng ass an hir Liewesdauer kuerz ass, well d’Fusiounsreaktioun am Kär vum Stär mat wuessender Mass méi schnell ofleeft, gëtt et nëmme ganz wéineg Stäre vun dëser Zort: Nëmmen ee vun 10 Millioune Stären ass e bloen Zwerg.