Briey
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Land: | ![]() |
Regioun: | Loutrengen |
Departement: | Meurthe-et-Moselle |
Arrondissement: | Briey |
Kanton: | Briey |
Awunner: | 4.858 (1999) |
Fläch: | 2.713 ha |
Geographesch Koordinaten: | 49° 15’ 02’’ N, 05° 56’ 24’’ O |
Briey ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle a Loutrengen. D'Awunner vu Briey ginn Briotins genannt.
[Änneren] Lag
Briey läit an engerIndustrieregioun nordwestlech vu Metz. Grondlag vun der Industrieuertschaft war d'Eisenäerz wat am Bassin vu Briey virkënnt. D'Industrieregioun Hagondange-Briey hat an de 1970er Joeren iwwer 130.000 Awunner. D'Zuel ass gefall bis zum Joer 1990 op 112.000.
Déi mëttelalterlech Uewerstad, Briey-Haut, trount iwwert der Ënnerstad, Briey-Bas, déi un den Floss Woigot läit. Déi zwee Véiererel sinn duerch d'Grand Rue mateneen verbonnen.
Briey ass ee bedeitenden Verkéiersknuet. Vun hei féieren grouss Stoossen no Metz, Jarny, Longwy a Longuyon, Verdun, Diddenuewen souwéi no Lëtzebuerg an an d'Ardennen (Sedan, Charleville-Mézières).
[Änneren] Geschicht
De Numm vun der Stad huet säin Urspronk am keltesche Wuert briga (Festung). D'Schlass vun de Grofe vu Bar goufen 1076 éischtmols ernimmt. D'Stadrechter krut Briey am Joer 1263.
Briey gouf am Joer 1369 vun de Metzer a Brand gesat, 1475 vum Karl dem Kéngen ageholl, 1591 vun de Protestanten verwüst, an am Joer 1635 vun de Schweden.
Vun 1800 bis 1871 war Briey Ënnerpräfektur (Verwaltungssëtz vum Arrondissement) am Département Moselle. D'Arrondissement ass bei Frankräich bliwwen, wou de Rescht vum Département duerch de Vertrag vu Frankfurt zu Däitschland koum, an ass dem Département Meurthe-et-Moselle zougegliddert ginn.
[Änneren] Kuckeswäertes
D' Cité Radieuse e véiereckegt Wunnhaus mat 17 Stäck vum Architekt Le Corbusier.
[Änneren] Jumelagen
- mat Niederaußem (Däitschland
- mat Szczawno-Zdrój (Polen)
[Änneren] Nopeschuertschaften
- Moutiers am Südosten
- Beaumont am Süden
- Génaville am Westen
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- (fr) Websäit vu Briey
- (en) Plang vu Briey op Mapquest