Bump bash
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Bump bash as en "open freestyle event" am Schifueren, dien eemol am Joër zu Zermatt stattfënnt.
D'Iddi ass eng Bockelpistecourse ze maachen, wou all Mënsch, egal wéi gutt en ass, ka matmaachen.
Et gi verschidden Ënnerkompetitiounen:
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Bump bash extreme
Et handelt sech em eng Course, di bei normalen Wiederkonditiounen um Stockhorn, méi genee vun der Roten Nase bis bei d'Triftji stattfënnt. Beim Massestart geet et net nëmmen drëm, wien als éischten ukënnt mee et ginn nach weider spezial Präisser.
[Änneren] Finisher
Als "Finisher" däerf sech all Mënsch bezeechnen, dien et fäerdeg bréngt, déi 500m Bockelpist ouni stall ze halen ze fueren. Falen zielt net als Stallhalen, mee ass als "Beitrag zur allgemenger Ennerhalung" toleréiert.
[Änneren] Präisser
Nieft dem Präis fir dat schnellstent Kand, di schnellste Fra an dee schnellste Mann ginn et Präisser fir dee lueste Fuerer, di beschte Chute an di spektakulärst Verkleedung. Wie watfiree vun dëse méi "kreative" Präisser gewënnt, gëtt owes duerch Applaus an enger Zermatter Disco decidéiert.
[Änneren] Bump bash classic
Hei gëtt op enger Piste um Furggsattel eng méi traditionell Bockelpistecourse organiséiert. Et ginn hei zwee parallel Circuiten. Et ginn erëm déi dräi Kategorien: Kanner, Fraen a Männer. Et kann een decidéieren, ob ee mat oder ouni Spréng wëll untrieden. Je nodeems ass een an der Kategorie "Bumps and jumps" oder "Bumps no jumps".
Samschdes sinn d'Virronnen. Wien zwéi vun dräi Duerchgäng gewënnt kënnt an déi zweet Ronn. Wien direkt allen 3 gewënnt ass an der Aachtelfinal. Sonndes sinn dann d'Finalen.