CFL-Linn 60
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Linn 60 vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL, féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg.
Zu Beetebuerg deelt se sech an dräi.
Eng Streck féiert no Westen iwwer Näerzeng op Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth, respektiv Péiteng geet.
Op dësem Deel huet se zu Näerzeng eng Ofzweigung a Richtung Rëmeleng.
No Süde féiert se op enger Streck op Diddeleng a vun do weider op déi franséisch Kappgare vu Wuelmereng.
Den Haaptstrank no Süde féiert op d'franséisch Grenz bei Zoufftgen a vun do aus weider op Diddenuewen a Metz.
Si ass vu Lëtzebuerg bis op d'franséisch Grenz en Deel vun der SNCF-Streck Lëtzebuerg - Dijon
|
|||
Lëtzebuerg - Beetebuerg: Lëtzebuerg - Bierchem - Beetebuerg |
|||
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Streck Lëtzebuerg - Péiteng · CFL-Linn 60 · CFL-Linn 30 |