Claudine Funck-Brentano
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel zu engem Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Claudine Funck-Brentano, gebuer 1863 zu Lëtzebuerg, war eng Dichterin an Iwwersetzerin.
No 1870 verléisst d'Claudine Funck-Brentano mat hirem Papp, dem Théophile Funck-Brentano an hirem Brudder, dem Frantz Funck-Brentano , Lëtzebuerg, fir a Frankräich ze plënneren.
Iwwer hir Mamm ass si d'Niess vum Clemens Brentano, deen zesumme mam Achim von Armin tëscht 1805 an 1808d'Volleksliddsammlung Des Knaben Wunderhorn publizéiert hat.
D'Claudine Funck-Brentano huet Gedichter geschriwwen, déi eppes Mystesches u sech hunn. Ausserdeem huet si dem belschen Auteur Maurice Maeterlinck säin Trauerspill Aglavaine et Sélysette op Däitsch iwwersat.