Literatur
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Literatur (lat. litterae - "Buschtaweschrëft") bezeechent d'Totalitéit vu schrëftlech oder mëndlech iwwerliwwerten Texter.
[Änneren] Bedeitung
D'Literatur, an d'Schrëft am Allgemengen, ass eng vun de gréissten Erfindunge vun der Mënschheet. Sie stäerkt ënner anerem eis Fäegkeet "ëm aner Leit ze kräischen, déi net mir selwer sinn, oder eppes mat eis ze din hunn" (Susan Sontag) an eis Saachen ze verbildlechen, vun deene mir duerch Raum an Zäit getrennt sinn. Mat der wëssenschaftlecher Erfuerschung vun der Literatur befaasst sech d'Literaturwëssenschaft.
[Änneren] Literaturgeschicht
Mat der Literatur a Raum an Zäit befaasst sech d'Literaturgeschicht. Déi éischt literar-geschichtlech Wierker hu virun allem dorauser bestanen, Schrëftsteller an hir Wierker chronologesch festzehaalen. E fréit Beispill heifir ass dem J.F. Reimann säi Versuch einer Einleitung in die historiam literarum sowohl insgemein als auch in die historiam literariam der Teutschen insonderheit (Halle, 1708-1721).
Zënter der Bléi vun de geschichtleche Wëssenschaften am 19. Joerhonnert koumen d'Leit zur Erkenntnis, datt eng richteg Literaturgeschicht vrun allem d'geeschtegt Liewen, seng Entwécklung an d'Bedingungen ënnersiche soll (zum Beispill beim G.G. Gervinus, Geschichte der deutschen Dichtung, Leipzig, 1835-1842).
[Änneren] Literatur am Internet
Gratis-Literatur kann een am Internet eroflueden. Dëst funktionéiert ähnlech wéi beim GFDL-Prinzip. Vum Aesop bis zum Zola kann een dausende vu Gedichter, Romaner, Novellen, Fabelen an aner literaresch Wierker liesen. De Projet Gutenberg befaasst sech intensiv mat der Aufgab, international Literatur gratis am Internet zur Verfügung ze stellen.
[Änneren] Formen
[Änneren] Lyrik
- Ballade
- Hymne
- Sonett
- Haiku
- Ode
- Experimentell Dichtung
- Visuell Poesie
- Konkret Poesie
[Änneren] Epik
- Roman
- Epos
- Saga
- Erzielung
- Ballade
- Novelle
- Anekdot
- Kuerzgeschicht
- Romanz
- Mäerchen
- Seechen
- Schwank
- Legend
[Änneren] Drama
- Komedie
- Tragikomedie
- Tragedie
[Änneren] Didaktik
- Aphorismus
- Apophthegma
- Bonmot
- Epigramm
- Fabel
- Gleichnis
- Gnome
- Maxime
- Metapher
- Parabel
- Sentenz
- Sprëchwuert
- Zitat