Comité vun de Regiounen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Comité vun de Regiounen, deen duerch de Maastricht-Traité geschafe gouf, besteet aus 222 Representante vu regionalen a lokale Kierperschaften, déi vun den EU-Memberstaate proposéiert a vum Conseil vun der Europäescher Unioun op 4 Joer ernannt ginn. Heen huet säi Sëtz zu Bréissel. D'lëtzebuerger Membere sinn: Simone Beissel, Agnès Durdu, Albert Lentz, Paul-Henry Meyers, Etienne Schneider a Romain Schneider (Stand: November 2005).
D'Europäesch Commissioun an de Conseil mussen de Comité vun de Regioune consultéieren, wann et ëm legislativ Propositioune geet, déi fir d'Regioune relevant sinn. Dorënner falen d'Educatioun, d'Kultur, d'ëffentlech Gesondheet, d'Trans-europäesch Netzer an d'Cohesiouns- a Strukturfongen (also deen Deel vum EU-Budget, mat deem an deene méi aarme Géigende Bau- oder soss Projeten ënnerstëtzt ginn). De Comité kann och vu sech aus Resolutiounen unhuelen.
Intern organiséiert e sech a 6 Commissiounen, déi den Themen no Projeten vun den Avisen oder de Resolutiounen ausschaffen, déi da vun allen ofgestëmmt ginn.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |