Institutioune vun der Europäescher Unioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Et gi fënnef EU-Institutiounen, déi jidfereng eng spezifësch Roll spillen:
- d'Europäescht Parlament, dat vun de Wieler an de Memberstaate gewielt gëtt;
- de Conseil vun der Europäescher Unioun, an deem d'Regierunge vun de Memberstaate vertruede sinn an deen, eleng oder zesumme mam Parlament, d'europäesch Gesetzer décidéiert;
- d'Europäesch Commissioun, d'Exekutivorgan an de 'Motor' vun der Unioun. Dës 3 bilden zesummen de sougenannten "Institutionnellen Dräieck".
- den Europäesche Geriichtshaff, dee sëcherstellt, dass d'Gesetzer och agehale ginn;
- den Europäesche Rechnungshaff oder Cour des Comptes, deen doriwwer waacht, dass beim EU-Budget alles no der Regele geet.
Do dernierft ginn et nach fënnef aner wichteg Organer:
- den Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité, dee bei Gesetzprojetën, déi des Theme betreffe, muss consultéiert ginn;
- de Comité vun de Regiounen, deen d'Meenunge vu regionalen a lokale Kierperschaften vertrëtt;
- d'Europäesch Zentralbank, déi responsabel fier déi monetär Politik ass a sech em den Euro këmmert;
- den Europäeschen Ombudsmann, bei deem d'Bierger sech beschwéiere kënnen, wann se mengen, dass se net korrekt vun enger EU-Institutioun oder Administratioun behandelt goufen;
- d'Europäesch Investitiounsbank, déi matt Investitiounen hëlleft, EU-Projetën duerchzeféieren.
Weiderhin ernimme muss een den Europäesche Conseil, deen zwar keng rechtlech verbindlech Decisioune kann huelen, mee deem seng Conclusiounen ëmgesat musse ginn.
Eng Rëtsch Agencen a soss Organer vervollstännegen dëse System.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
![]() |
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |