Cordula Trantow
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Cordula Trantow ass eng däitsch Schauspillerin a Regisseurin. Si ass den 29. Dezember 1942 zu Berlin gebuer.
Duerch hir Roll am Antikrichsfilm Die Brücke vum Bernhard Wicki ass d'Cordula Trantow bekannt ginn. Mat de Filmer Le passage du Rhin vum André Cayatte an An heiligen Wassern vum Alfred Weidemann hat si nach e gewësse Succès beim Film. Duerno huet si nach an dem US-amerikanesche Film Hitler vum Stuart Heisler d'Geli Raubal, dem Hitler seng Niess, gespillt.
Mat dem Film Das Schloss nom Wierk vum Franz Kafka huet si fir den Ament a Schlussstréch ënner hir Carrière beim Film gezunn.
Am Theater huet si duerno grousen Erfolleg sowuel als Schauspillerin wéi och als Regisseurin. Si ass zur gleicher Zäit och nach vill bei der Televisioun beschäftegt. Si schafft och nach als Synchronspriecherin beim Film fir d'Schauspillerinnen Ali MacGraw, Claude Jade, Marie Versini, Sandrine Bonnaire an Dominique Sanda.
[Änneren] Filmer
[Änneren] Kino
- Das Schloss (1968), Regie: Rudolf Noelte, Acteuren: Maximilian Schell an Helmut Qualtinger
- Hitler (1962) , Regie: Stuart Heisler, Acteuren: Richard Basehart a Maria Emo
- Die Bekenntnisse eines möblierten Herrn (1962) , Regie: Franz Peter Wirth, Acteuren: Karl Michael Vogler an Alexandra Stewart
- Nur der Wind (1961) , Regie: Fritz Umgelter, Acteuren: Freddy Quinn a Gustav Knuth
- Verdammt die jungen Sünder nicht (1961) , Regie: Hermann Leitner, Acteuren: Corny Collins a Magda Schneider
- An heiligen Wassern (1960) , Regie: Alfred Weidenmann, Acteuren: Hansjörg Felmy an Hanns Lothar
- Le passage du Rhin (1960) , Regie: André Cayatte, Acteuren: Charles Aznavour a Georges Rivière
- Wegen Verführung Minderjähriger (1960) , Regie: Hermann Leitner, Acteuren: Hans Söhnker a Marisa Mell
- Die Brücke (1959) , Regie: Bernhard Wicki, Acteuren: Fritz Wepper a Michael Hinz
- Bumerang (1959) , Regie: Alfred Weidenmann, Acteuren: Hardy Krüger a Horst Frank
- Meine schöne Mama (1958) , Regie: Paul Martin, Acteuren: Nadia Gray a Paul Hubschmid
- Aufruhr im Schlaraffenland(1957) , Regie: Otto Meyer, Acteuren: Sabine Sesselmann a Harry Wüstenhagen
- Kalle wird Bürgermeister (1956) , Regie: Fritz Genschow, Acteuren: Wolfgang Condrus a Reinhard Kolldehoff
[Änneren] Televisoun (Auswiel)
- Bis in die Spitzen (2005) Serie
- Bella Block - Hinter den Spiegeln (2004)
- Und morgen geht die Sonne wieder auf (2000)
- Mein Freund Harvey (1997)
- Ein zauberhaftes Biest (1981) Serie
- Kinder (1981)
- Preußische Nacht (1981)
- Tatort - Freund Gregor (1979)
- Wo die Liebe hinfällt (1979) (TV)
- Haus der Frauen (1977)
- Die Ratten (1977)
- Wie starb Dag Hammerskjöld? (1975)
- Berlin, Keithstrasse 30 (1972) (Serie)
- Dem Täter auf der Spur – Flugstunde (1971)
- Der Kirschgarten (1970) (TV)
- Rumpelstilz (1969)
- Babeck (1968) Serie
- Der zerbrochene Krug (1967)
- Die Fliegen (1966)
- Drei Schwestern (1966)
- Maria Magdalene (1963)
- Unsere kleine Stadt (1961)
- Die Dame ist nicht fürs Feuer (1960)
- Die Zeit und die Conways (1960)