Franz Kafka
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Franz Kafka, gebuer den 3. Juli 1883 zu Prag a gestuerwen den 3. Juni 1924 zu Kierling bäi Wien, war een tschechesch-éisträichesche Schrëftsteller.
De Franz Kafka konnt sech säi ganzt Liewe laang net vum Drock vu sengem vun him gefaarte Papp, engem jiddesche Geschäftsmann, léisen. Dëst obwuel hien a séngem - nie fortgeschéckte - "Brief an den Vater" schonn 1919 versicht huet dëse Problem ze léisen.
No engem Studium vum Droit gouf huet hie bäi enger Versécherung geschafft. No e puer Kuropenthalter wéint Tuberkulos, déi awer näischt bruecht hunn, gouf de Franz Kafka 1922 fréizäiteg pensionnéiert.
Obwuel de Franz Kafka a sengem Testament festgeluecht hat datt all séng nach net verëffentlecht Wierker verbrannt sollte ginn, huet säi laangjäerege Frënd Max Brod se trotzdem publizéiert, et sinn dëst ënner aneren:
- "Der Prozeß"
- "Das Schloß"
- "Amerika"
- "Beim Bau der chinesischen Mauer"