Defibrillator
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezin-Artikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mee ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter ! Besonnesch d'Éischt Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesaat ginn ! |
En Defibrillator ass en Apparat, deen hëlleft, dat déidlecht Häerzkummerflimmeren ze stoppen.
Beim Häerzkummerflimmeren erkennt een um EKG eng méi oder manner gläichméisseg, mee kleng Häerzaktivitéit. Graff gesinn entsteet et doduerch, datt den Tissus, deen d'Zesummenzéie vun den Häerzkummere koordinéiert, dëst net méi richteg mécht. Doduerch gëtt net méi richteg Blutt gepompelt, den Kierper leid un Sauerstoffmangel. Eng éischt Moossnam wier, e präkordiale Fauschtschlag, dono eng Reanimatioun.
En Defibrillator geet d'Saach aanecht un. E versetzt dem Häerz e Stroumschlag, dat onreegelméissegt Zucken (dei sougenannte Fibrillatioun) stoppt (De-fibrillatioun) an d'Häerz ka probéiren nees an en normale Rhythmus ze kommen, wat awer net ëmmer klappt. Zur Zäit fanne sech am Rettungswiesen international zwou Zorte vun Defibrillatoren.
[Änneren] Klasseschen Defibrillator
De Klasseschen Defibrillator verfügt am Normalfall iwwert zwou sougenannte Paddles, Kabele fir den EKG an enger Rei Knäpp. Den Defi muss an dierf nëmmen vun erfuerenem Personal agesat ginn, z.Zt. an Lëtzebuerg just vun Dokteren. Iwwert den EKG gëtt ofgelies ob et sech ëm en Häerzkummerflatteren oder -flimmern handelt, wa jo, stellt den Operateur d'Stäerkt vum Stroumschock an, setzt d'Paddles op a schockt de Patient. Dës Defibrillatore fanne sech normalerweis just a Spideeler, bei Dokteren an an de SAMU Autoen. Zu Lëtzebuerg hunn d'Ambulanzen normalerweis keng Defie bei sech.
[Änneren] Automateschen Externen Defibrillator (AED)
Anescht ass den AED. Hei handelt et sech em en Apparat deen deelweis d'Gréisst vun nemmen 20 op 20 cm huet an an enger Këscht verpaakt ass. Beim Auspake fënnt een den Apparat an zwou sougenannten Elektroden, Pads déi ee ka pechen. Desen Defi kann theoretesch vu jidderengem benotzt ginn. Am Idealfall gesäit d'Benotzung esou aus: Ob enger Gare fält e Mann schwaach, Passante kréien dat mat. De Mann huet kee Bols, d'Ambulanz gëtt direkt geruff. Bis zum Ukomme verginn 10 Minutten , eng Häerz-Longen-Reanimatioun weist keng Wierkung. Ee Passant ass an der Tëschenzäit an d'Hal vun der Gare gelaf, well hie wees, datt do en ëffentlechen Defi hänkt. Hien hëlt dee vun der Mauer a rennt zum Patient deen do läit. Duerch einfach Piktogrammer erkennt hien, datt hien déi zwee Pads ob d'Broscht muss oppechen. Dat mécht hien. Dann dréckt de Passant ob dee grousse grénge Knapp. D'Gerät hëlt en EKG, wäert dat eegenstänneg aus an decidéiert ob e Schock ka Liewe retten oder net. An dësem Fall seet en: Schock auslösen a fuerdert eise Passant dozou ob, ze bestätegen. Dëse mécht dat, den Defi seet per Sproochmeldung w.e.g Ofstand halen an defibrilléiert eegestänneg. Bei Erfolleg oder Net-Erfolleg gëtt e weider uweisungen. (aus der däitscher Wikipedia) Am Idealfall also kann en AED vun all Mensch benotzt ginn, doduerch datt e just een oder zwéi Knäppercher huet an iwwer Sproochuweisung a Piktogrammer den Oflaaf erkläert an dem Mënsch d'Decisiounen ofhellt.
Allerdéngs ass dess Method keen Allheelmettel. Sou kann eng Defibrillatioun och e fatale Feeler sinn. Wat fir d'Maschinn heiansdo onméiglech ass rauszefannen ob dat de Fall ass oder net. Wat suguer fir en Dokter schwéier ass. Ausserdeem kascht en Apparat hautdesdaags tëscht 1000€ an 3000€.
A Stied wéi München hänken ob 24 vu 90 U-Bunn Statiounen Defibrillatoren. Géigner behaapten datt d'Chance jeemols e Fall ze hu wou e gebraucht géif, ze kleng ass fir souvill Geld auszeginn. Iwwer 60% vun de plëtzlechen Häerzdouder geschéien Doheem.
[Änneren] Spawecklinks
- Björn Steiger Stiftung déi mat der Aktioun Kampf dem Herztod sech extrem fir AEDen asetzt.
- MVG - Liewe rette mam Defibrillator
- AED maintenance