Demeter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat griichescher Gottheet Demeter. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Demeter (Homonymie) |
D'Demeter ass d'Duechter vum Kronos a vum Rheia; duerch hier Brudder a Geléiften den Zeus d'Mamm vum Persephone. D'Mamm ann hier Duechter waren enk matenee verbonn.
[Änneren] Mythos
Zënter datt d'Demeter hirem Papp Kronos entkomm war huet si mat hire Gesëschter um Olymp geliewt a war déi douce, mee mächteg Gëttin vun der Fruuchtbarkeet a vum Wuesstum. Aus hirer Verbindung mam Zeus hat si eng Duechter, d'Persephone.
Wéi d'Persephone eng Kéier am Gaart vun hierer Mamm gespillt huet ass op eemol de Buedem nieft hir opgefuer an den Hades, de Gott vun der Ënnerwelt, ass mat sengem vu Päerd gezunnene Won aus dem Erdbuedem eropgesprengt an huet d'Meedche mat an d'Ënnerwelt entfouert an et do zu senger Fra gemaach.
D'Demeter war verzweifelt an huet op der ganzer Äerd nom Persephone gesicht bis den Helios hier verroden huet wou d'Meedche war. D'Demeter huet sech dunn an Trauer zréckgezunn. D'Fruuchtbarkeet ass du vun der Äerd verschwonn an eng Hongersnout huet d'Mënsche bedreet. Ëmsoss huet den Zeus versicht d'Demeter ëmzestëmmen. Schliisslech huet hie sech gezwonge gefillt säi Brudder Hades dozou ze bréngen d'Persephone fräi ze ginn. Den Hades huet deem zwar Folleg geleescht, mee huet op en Trick zréckgegraff. Hien huet dem Persephone vun engem Granatapel z'iesse ginn deen déi, déi vun him giess hunn, verléift gemaach huet.
D'Demeter, d'Persephone an den Hades hu sech dunn arrangéiert: D'Persephone ass fir zwee Drëttel vum Joër bei hierer Mamm Demeter un der Uewerwelt bliwwen, wann alles gebléit huet a geräift ass. Dann awer ass si zréck ann d'Ënnerwelt gaang fir de Wanter bei hierem Mann ze verbréngen.
[Änneren] Kult
D'Demeter war eng vun de vollekstëmlechste Gottheeten déi a Griichenland grouss Veréierung genoss huet. Beim Homer ass se wéineg ernimmt gi well déi adeleg Familljen, déi seng Geschichte gelies hunn, wéineg Interessi u Vegetatiounsgottheeten haten déi virun allem vu Bauere veréiert gi sinn.
[Änneren] Attributen
- Weess-Ähren
- Schlaang mat Flilleken
- Füllhorn
- Fakel
[Änneren] Entspriechungen
- Réimesch: Ceres
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |