Den Dram vun der rouder Kummer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Dram vun der rouder Kummer (Hong Lóu Mèng) ass ee vun deene bekannteste Romaner aus dem ale China.
Den Auteur Cao Xueqin (Tsao Hsüe Kin) (1715-1764), dee seng Aarbecht ëmmer nees iwwerschafft huet, konnt säi Projet, iwwer honnert Kapitelen ze schreiwen, net färdeg kréien. 1792 ass eng vum Cao O op 120 Kapitele verlängert Editioun gedréckt ginn.
Et ass eng filigran verschachtelt Geschicht mat iwwer 350 Figuren. An et geet em d’Entwécklung an der Verfall vun enger Aristokratefamill aus der Mandschurei. Dat Ganzt ass reduzéiert op d’Krankegeschicht vun engem asiozialen, degeneréierte Schwächleng, deen duurch Depressiounen erduerch een no Baussen hin suergefräit dekadent Liewe féiert.
Well den Cao O d’Enn e bëssen "adaptéiert" huet, fir der Zensur vum Keeser z'entgoen, huet déi Versioun de sozialkriteschen Hannergrond verluer.
Dëse Roman gëllt als als déi gelongensten Duerstellung vum China an der Zäit vun der Qing-Dynastie (1644 - 1912).
1932 ass am Insel Verlag eng däitsch Editioun vum Franz Kuhn erauskomm, déi 1953 nei opgeluecht gouf. An deeër felen 200 Säiten.
Als "läscht" Editioun gëllt déi vum Feng Qiyong, déi 1953 zu Peking an dräi Bänn erauskoum. Dodra sinn déi 80 Kapitelen vum Cao Zhan an déi läscht 40 vum Cao O.