Eisebunnsstreck Grondhaff-Beefort
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Déi vun der Prënz-Hary-Gesellschaft (PH) exploitéiert Eisebunnsstreck Grondhaff-Beefort war mat enger Längt vu 7,3 km eng vun de kierzten Eisebunnsstrecken zu Lëtzebuerg. Si ass fir d'éischt de 4. November 1904 a Betrib geholl ginn (Deelstreck Grondhaff-Carrière vun Déiljen) a gouf du bis op d'Beeforter Statioun fir de Persouneverkéier verlängert (Inauguratioun vum Persouneverkéier: 5. November 1911). Eng ganz hallef Stonn hunn d'Reesender gebraucht, fir déi kuerz Streck vum Grondhaff op Beefort ze fueren. D'Streckeféirung war nämlech originell a komplizéiert. Den Zuch huet, fir de Bierg erop ze kommen, am Zickzack no vir an hannerzech misse fueren. Am Géigesaz zu der Uschloss-Linn Dikrech-Iechternach war d'Streck Grondhaff-Beefort eng Schmuelspuerbunn mat enger Spurbreet vun 1 Meter.
Wéinst hirer Onwirtschaftlechkeet gouf de Betrib op där Streck den 2. Mee 1948 agestallt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Literatur
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Eisebunnsstrecken
- Chareli
- Jangli
- Benni