Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg befaasst sech als Deelgebitt vun der traditioneller Technikgeschicht mat der Erfuerschung an Dokumentatioun vun der Geschicht vum lëtzebuergesche Schinneverkéier.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Chronologie
- De Lëtzebuerger Franz Majerus, dee laang a Mexiko als Ingenieur a Geolog geschafft huet, gëtt eng Broschure eraus wou en op déi grouss wirtschaftlech Virdeeler hiweist, déi der Agrikultur, dem Commerce a virun allem der Eisenindustrie kéinten entstoen, wann e lëtzebuergeschen Eisebunnsréseau, mat Uschloss un déi auslännesch Bunnen, géif gebaut ginn.
- An der Chamber gëtt, no fënnef Joer Verhandlungen, e Gesetz gestëmmt wat erlabe soll, e Lëtzebuergescht Eisebunnsnetz ze realiséieren. Doduerch sollt de Grand-Duché mat senge Nopeschlänner verbonne ginn.
- Véier Haaptstrecke goufe gebaut:
- Lëtzebuerg - Beetebuerg - Frankräich (11. August 1859)
- Lëtzebuerg - Klengbetten - Belsch (15. September 1859)
- Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - Däitschland (29. August 1861)
- Lëtzebuerg - Ettelbréck (21. Juli 1862), Ettelbréck - Kautebaach (15. Dezember 1866), Ettelbréck - Dikrech (16. November 1862), Kautebaach - Ëlwen - Belsch (20. Februar 1867)
- an 2 Niewestrecken, fir d'Minette op Dummeldeng an d'Héichiewen ze transportéieren:
- Beetebuerg - Esch-Uelzecht (23. Abrëll 1860)
- Näerzeng - Rëmeleng - Ëtteng (1. Juni 1860)
- (a Klameren den Datum vun der Mise en service).
- Wéinst dem Widderstand vun den Duerfbewunner sinn d'Strecken net duerch d'Dierfer an d'Wéngerten geluet ginn.
- Dëst Eisebunnsnetz huet de Numm vum hollännesche Kinnek a Groussherzog vu Lëtzebuerg kritt: "Guillaume Luxembourg (GL)". Et ass vun der Compagnie Francaise de l'Est exploitéiert gi bis den 10. Mee 1871, wou hir Rechter der neier Compagnie EL (Reichseisenbahn Elsass-Lothringen) iwwerdroe goufen.
- De Grondsteen vun der éischter Gare an der Stad gëtt geluet. D'Festung Lëtzebuerg war deemools nach vu Preiseschem Militär besat an aus strategesche Grënn konnten d'Gleiser net an d'Festung era geluecht ginn. Doduerch ass déi nei Gare um Plateau Bourbon baussent der Festung ugeluecht ginn. D'Preisesch Militärverwaltung huet verlaangt datt d'Gebai aus Holz gebaut gouf. Dem Ëmstand, datt d'Gare aus strategesche Grënn net an der Stad an an der Festung, mee 1500 Meter ewech, déi aner Säit vum Péitrussdall, gebaut gouf, verdankt d'Haaptstad hir groussaarteg Viaducen "Passerelle" an "Nei Bréck".
- Op engem Festconcert bei Geleeënheet vum éischten Zuch, deen zu Lëtzebuerg soll fortfueren, ass op der Trap vum Stadhaus de "Feierwon" déi éischte Kéier gesonge ginn. Duerch dee patriotesche Refrain gouf dëst Lidd praktesch zum inoffizielle Nationallidd.
- Zënter 1864 ass d'Iddi duerch verschidden dichteg Käpp (Eugène Guyot, Buchdrécker vu Bréissel; Simon Philippart, Bankier vu Bréissel; François Majerus, Ingenieur vu Lëtzeburg) gaang, fir eng zweet Eisebunnslinn ze bauen (Gürtelbahn). Sie sollt vu Waasserbëlleg aus laanscht d'Sauer erop, iwwer Ettelbréck, viru laanscht d'Atert a laanscht belsch Grenz, iwwer Klengbetten bis op Péiteng goen, wou den Zentrum vum neie Réseau sollt entstoen. Vu Péiteng aus sollt d'Streck da weiderlafe bis op Esch/Uelzecht.
- Fir dëse Projet ze réaliséieren ass duerch Gesetz d'Gesellschaft Chemins de Fer Prince Henri gegrënnt ginn. De Prënz Hary vun Holland war déi Zäit "lieutenant-gouverneur" vu Lëtzebuerg an hien huet sech, mat senger Fra, der Prinzessin Amalia, mat vill Engagement fir d'Wuel vum Vollek agesat.
- Am Fréijoer hunn d'Aarbechte gläich op zwou Plazen ugefaangen: d'Streck Esch/Uelzecht - Péiteng - Stengefort an d'Streck Péiteng - Fond-de-Gras. Déi selwecht Zäit gëtt eng Streck Kënzeg - Autelbas - Arel ugefaang.
- Déi éischt Zich fueren um neie PH-Réseau op de Strecken:
- Esch-Uelzecht - Péiteng (16,02 Kilometer)
- Péiteng - Stengefort (18,36 Kilometer) a
- Hoen - Klengbetten (1,11 Kilometer).
- Eng zweegleiseg Streck Péiteng - Athus gëtt gebaut fir doduerch eng zousetzlech Verbindung mat der Belsch ze schafen.
- Vun Dikrech aus, laanscht d'Sauer, gëtt en anere Schantjen an Ugrëff geholl. D'Streck, déi 50 Km laang gëtt, féiert duerch de schmuelen Dall (fir Tunnelen an Tranchéen ze vermeiden) bis op Waasserbëlleg. Den éischten Zuch fiert do den 20. Mee 1874.
- D'Clientèle vun de Schmelzen interesséiert sech ëmmer manner fir de lëtzebuergesche Goss (fr.: fonte). Duerch säin héige Phosphorgehalt ass en zevill brécheg. De Präis fält vun 140 op 45 Frang / Tonn. Déi éischt Kris ass net méi z'évitéieren an 40% vun de Schmelzaarbechter ginn entlooss. D'PH-Gesellschaft mécht Faillite.
- D'Regierung hëlt d'Saach an d'Hand a grënnt 1878, zesumme mat privaten Aktionnairen, eng nei Gesellschaft ënner dem Numm "Société Luxembourgeoise des Minières et Chemins de Fer Prince Henri". D'Kurzform bleiwt "PH".
- Bedeitend Evenement fir d'Lëtzebuerger Eisebunnen: De Sidney Thomas a säi Koséng Percy Gilchrist erfannen eng verbessert Prozedur déi et méiglech mécht, aus dem bréchege phosphorhaltege Goss Stol ze produzéieren. Dat bréngt e groussen Opschwong fir eis Siderurgie. Stolwierker a Walzwierker entstinn.
- Déi nei PH-Direktioun ass beflass fir hir Strecke fäerdeg ze bauen. Um Trançon Stengefort - Ettelbréck gëtt dee längsten Tunnel vum Land (700 m) gegruewen an d'Streck kann den 20. Abrëll 1880 a Betrib goen.
- Den éischte Schnellzuch Lëtzebuerg - Paräis steet am Fahrplang a fiert iwwer Esch-Uelzecht - Péiteng - Athus.
- D'Streck Kautebaach - Wolz, déi vum PH gebaut gouf, geet a Betrib.
- De PH hëlt zu Esch/Uelzecht an der Hiel eng Minettesgare a Betrib mat zwee Quaien. D'Firma Cockerill stellt zwou Lokomotiven zur Verfügung fir d'Wagonen ze rangéieren.
- Folgend Konzessiounen fir d'Schmuelspurbunne gi verdeelt:
- Näerden - Marteleng
- Dikrech - Veianen
- Nodeem d'Streck Kautebaach - Woltz (PH) verlängert gouf bis op d'belsch Grenz, wou se mam belsche Réseau verbonne gouf, besteet eng Relatioun mat Baaschtnech (Bastogne). Et huet sech awer als Nodeel erwisen, datt dës Streck nëmmen iwer den GL-Réseau (Streck Ettelbréck - Kautebaach - Ëlwen) z'ereeche war. All Reservematerial, wat zu Wolz gebraucht gouf, huet misse vu Péiteng dohi gefouert ginn.
- D'Streck Iechternach - Waasserbëlleg gëtt bis op Gréiwemaacher verlängert. De PH baut zu Waasserbëlleg eng imposant Gare mat Buffet, Wartesäll an Dingschtwunnéngen. Zënter 1987 déngt dëst Gebai als Gemengenhaus vun der Gemeng Mäertert.
- De PH huet ouni Zweifel staark Beneficer gemaach. Sou konnten an dëse Joren en ettlech repräsentativ Gebeier zu Péiteng opgeriicht ginn: eng grouss Persounegare, en Direktiounsgebai, eng Cité mat Sozialwunnénge fir d'Aarbechter ("Kasären"), fënnef Villaën als Dingschtwunnéng fir den Direkter a fir d'Ingénieuren (D'Strooss wou dës Villaën stoungen (eng steet haut nach) gëtt haut nach "Härewee" genannt). Och aner Garen op der Streck goufe vergréissert.
- Déi nei Streck Péiteng - Dippech - Lëtzebuerg gëtt a Betrib geholl. Zu dësem Moment huet de PH seng gréisst Étendu.
- Sou wéi bei allen europäeschen Eisebunnen gëtt och zu Lëtzebuerg d'Drockloftbrems, System Westinghouse, agefouert. Doduerch konnten d'"Bremser" ofgeschaaft ginn.
- Vun elo un funktionéiert eng industriell Schmuelspurstreck (Spur: 1.000 mm) vum Grondhaff an d'Steegrouwen um Bierg iwwert Déiljen (Dillingen). Sie gëtt am November 1911 bis op Beefort verlängert an dem Persouneverkéier zougänglech gemaach.
- Zu Péiteng, bei der Kuer, gëtt d'"Machine fixe" gebaut. Hei goufe Quelle gefaasst, dem Waasser de Kallek entzunn an d'Waasser dann an e Waassertuerm bei der Gare gepompelt. Mat dësem Waasser sinn dann d'Dampmaschinne versuergt ginn.
- De "Prënz" huet 1904 ongeféier 200 Km Gleis (dovun 10 Km op belschem Territoire), 46 Damplokomotiven (dovun 6 fir Schmuelspur), 68 Persouneween a 24 Fourgonen.
- D'Eisebunn kritt Konkurenz: D'Gemenge vum Kanton Esch grënnen e "Syndicat des Tramways Intercommuneux du Canton d'Esch", den (TICE).
- Mee 1919
- De PH gëtt vum Stat chargéiert fir d'Vizinalbunnen z'exploitéieren: D'Streck Lëtzebuerg - Iechternach (Chareli) an d'Streck Beetebuerg - Uespelt.
- D'Nazitruppen iwwerfale Lëtzebuerg a konfiskéieren d'Eisebunnsréseauën, déi elo vun der Besatzungsarméi exploitéiert ginn.
- November 1941
- Lëtzebuerg gëtt vun Nazi-Däitschland annektéiert. D'Reichsbahn iwwerhëlt de Kommando zu Lëtzebuerg, en Deel vum Personal gët entlooss, an Däitschland versat oder an de Prisong gehäit. D'Material gëtt un de Fronte gebraucht an zu Lëtzebuerg ofgezunn.
- Nodeem d'Haapstad befreit, war hu Lëtzebuerger Eisebunner sech druginn, fir e provisoresche Betrib ophuelen ze kënnen. Déi éischt Zich, déi nees gefuer sinn, waren Militärtransporter.
- Déi éischt Aarbechterzich hun nees Arbechter iwwer d'Atertlinn op Déifferdeng, an dat eenzegt Stolwierk wat nach geschafft huet, bruet, wou Grey-Träger gewalzt goufen, déi dringend vun der amerikanescher Arméi a fir de Neesopbau gebraucht gi sinn. De Staat huet engem Comité de Gérance an engem Comité de Direction d'provisoresch Verwaltung iwerginn.
- D'Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois (CFL) gëtt gegrënnt. Dofir hun WL a PH hir Konzessioune missen entzu kréien wat duerch Gesetz vum 16. Juni 1947 geschitt ass. D'CFL huet zwar schonns um Pabeier bestanen, mee d'Chamber huet sech Zäit gelooss bis de 4. Juni 1947 fir d'Gesetz ze ratifizéieren. Sämtlech Lëtzebuerger Eisebunnsstrecken sinn der CFL fir 99 Joer uvertraut ginn. 51% huet de Lëtzebuerger Stat iwerholl a je 24,5% Frankräich an d'Belsch.