Eisebunnsstreck Libramont - St. Vith
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Eisebunnsstreck Libramont - St. Vith ass eng fréier Eisebunnsstreck vun der Belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB.
Dës Streck gouf a véier Etappe gebaut:
- 1869 gouf d'Streck Libramont - Baaschtnech a Betrib geholl (28 km).
- 1884 koum Baaschtnech - Limerlé mat 24 km derbäi.
- 1885 gouf d'Verbindung Limerlé - Gouvy gebaut (6 km)
- 1920 ass Gouvy - St. Vith a Betrib gang (21 km). Dësen Deel war awer schonns am Éischte Weltkrich vun den däitsche Besatzungstruppen ugefange gi mat bauen.
D'Streck gouf 1984 aus dem Betrib geholl an deelweis ofgerappt. Just um Deel tëscht Libramont a Baaschtnech bloufen d'Gleiser leien an et ass och virgesinn dat Stéck erëm a Betrib ze huelen. Et kann een Streck deelweis nach gutt um Terrain gesinn well wéinst der hiwweleger Géigend waren d'Dämm relativ héich opgeschott an et goufen och déif Tranchéeën erausgehäit.
[Änneren] Gouvy - St. Vith
Tëscht Gouvy a St. Vith sinn d'Garen all ewechgerappt. Bei Beho huet en Entreprener sei Maschinnepark op der Plaz vun der fréierer Gare stoen, zu Weisten huet sech eng Seeerei op der Streck installéiert an zu Krombach ass eng kleng Cross-Piste drop. D'Brécke stinn nach all op dësem Deel vun der Streck.
[Änneren] Verlaf vun der Streck
Libramont - Ourt - Bernimont - Wideumont - Rosières - Morhet - Sibret - Villeroux - Baaschtnech-Süd - Baaschtnech-Nord - Bizory - Bourcy - Tavigny - Limerlé - Gouvy - Beho - Maldingen - Weisten - Krombach - St.Vith.
[Änneren] Kuckt och
- Bréck vu Neuenbuerg