Tavigny
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Template:SkizzGeoBe
|
|
---|---|
Land: | Belsch |
Regioun: | Wallounien |
Provënz: | Lëtzebuerg |
Gemeng: | Houffalize |
Awunner : | 650 |
Geograpesch Koordinaten | 50° 06’ 28’’ N, 05° 50’ 16’’ O |
Tavigny ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Houffalize an der Provënz Lëtzebuerg ronn 3 km vun der Grenz mat Lëtzebuerg.
Tavigny läit op enger Héicht vu ronn 430 Meter um Waasserscheet tëscht dem Anzuchsgebitt vun der Meuse an dem Rhäin.
Zu der fréierer Gemeng déi 1977 bei der belscher Gemengereform un Houffalize ugeschloss gouf hunn déi kleng Dierfer Buret, Boeur, Alboumont, Cetturu, Vissoûle, a Cowan gehéiert.
Well eent vun de gréisste Bauwierker vum Meuse-Musel-Kanal den Tunnel vu Bernistape nëmmen 2 Km dervunn ewech louch haten d'Ingenieure vun der Enterprise sech d'Schlass vun Tavigny als Residenz ausgesicht.
[Änneren] Soss nach aus der Geschicht
- Op der Plaz Saint Martin goufen Iwwereschter vun engem gallo-réimeschen Tempel fonnt.
- 1316 huet d'Pescht an eng Hongersnout d'Awunnerzuel deziméiert.
- 1334 nach eng Hongersnout duerch Spéitfrascht am Mee deen Recolten an der ganzer Géigend zerstéiert hat.
- 15. Joerhonnert: d'Schlass gëtt gebaut.
- 18. Joerhonnert: d'Kierch Hellege Rémy gëtt gebaut