Endoplasmatescht Reticulum
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'endoplasmatescht Reticulum ass e System vun Membranen a Form vun Tuben an ofgeflaachte Säck bannent enger Zell, dat meeschtens déi ganz Zell duerchzitt. Et ass a Verbindung mat der Kärenvelopp an der Zellmembran. Den Interieur vun dësem System heescht Lumen an ass souwuel mam externe Milieu wéi mam perinukleare Raum a Verbindung. Et kann een tëscht granularem (rauem) an ageanularem (glatem) endoplasmatesche Reticulum ënnerscheeden.
[Änneren] Granulaart Reticulum
Et huet e raut Ausgesinn well et mat Ribosomen iwwerséit ass. Dës synthetiséieren déi Proteinen déi sekrtéiert ginn an déi transmembranéis sinn.
[Änneren] Agranulaart Reticulum
Et ass eng Plaz wou Proteinen a Lipide stockéiert kënne ginn an et ass do wou Phospholipiden zesummegesat ginn.