Europäesch Directiv
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Europäesch Directiv (de: Richtlinie) ass en europäescht Gesetz, dat vum europäesche Legislateur, d.h. dem Conseil vun der Europäescher Unioun, meeschtens zesumme mam Europäesche Parlament decidéiert ginn ass.
Si verpflicht déi Länner un déi se geriicht ass (also meeschtens alle 25), e bestëmmtent Zil, dat doranner festgehalen ass, bannent enger bestëmmter Zäit z'erreechen. Wéi se dëst Zil erreeche sollen, (z.B. duerch nei oder geännert national Gesetzer, oder och soss Mesurën) ass de Memberstaaten iwwerloos.
Et ass eng vun de Rolle vun der Europäescher Commissioun, doropper opzepassen, dass d'Memberlänner d'Directiven richteg an zur Zäit "transposéieren" (also inhaltlech erfëllen). Wann dat net de Fall ass, kann s'eng Plainte virum Europäesche Geriichtshaff maachen.
Ausserdeem kann eng Eenzelpersoun oder eng Entreprise hire Staat verkloen, wann hinnen doduercher, dass dësen ze spéit eng Direcive ëmgesat huet, Schued entstanen ass.
Eng Directive ass z'ënnerscheede vun engem Reglement.
[Änneren] Kuckt och
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |