Europäesch Investitiounsbank
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Europäesch Investitiounsbank (EIB) gouf 1958 duerch den Traité vu Roum geschafen, fier derzou bäizedroen, verschidden Ziler vun der Europäescher Unioun z'erreechen, an deems se verschidden Investissements-Projetën finanzéiere soll. Esou Projetën mussen z.B. derzou bäidroen, d'europäesch Integratioun, eng ausgeglachen Entwécklung, wirtschaftlech a sozial Cohesioun oder eng op Wësse baséiert, innovativ Economie ze förderen.
D'EIB huet hire Sëtz zu Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Hir Aufgaben
D'Europäesch Investitiounsbank investéiert a Projetën, déi den Ziler vun der Europäescher Unioun (EU) dinge sollen. Se mécht keng Beneficer an hieft keng Zënsen op hire Konten op.
Hir Fongen, déi se investéiert, stamen net aus dem EU-Budget. Si si geléint op de Finanzmäert oder stame vun hiren Actionnairen, d.h. den EU-Memberstaaten.
Doduerch, datt d'Memberstaaten hannert hir stinn, huet si déi héchste Kreditwürdegkeet (AAA) a kann deementspriechend zu ganz gënschtege Bedingungen héich Zomme léine goen, déi se dann a Projetë vun ëffentlechem Intressi investéiert, déi soss net, oder nëmmen zu méi héije Prêtën, finanzéiert hätte kënnen.
[Änneren] Wat finanzéiert d'EIB?
D'Projetën, an déi d'Europäesch Investitiounsbank investéiert, ginn op Grond vun dëse Critèrën ausgewielt:
- Se mussen derzou bäidroen, europäesch Ziler z'erreechen, wéi z.B. d'Stäerkung vun der Competitivitéit vun den europäeschen Industrien a Kleng- a Mëttelbetriber, den Opbau vun trans-europäesche Réseauën am Beräich Transport, Telekommunikatioun an Energie, den Ëmweltschutz, d'Verbesserung vun de Gesondheets- an Erzéiungsdéngschter, asw.
- Se musse fir d'éischt deene Regiounen zugutt kommen, déi am äermsten dru sinn,
- Se mussen derzou bäidroen, aner Finanzéierungen unzezéien.
Dës Critèrën gëlle fier Actiounen an a baussent der EU. Bal 90% vun den Actioune vun der EIB gi bannent der EU realiséiert, e wichtegen Deel an deenen neie Memberslänner.
D'BEI ënnerstëtzt ausserdeem d'nohalteg Entwécklung an de Mëttelmierlänner, an de sougenannten AKP-Staaten (Afrika, Karibik a Pazifik), an an eenzelne Projetën a Latäinamerika an an Asien.
Schliislech ass d'BEI Haaptactionnaire vum Europäeschen Investitiounsfong, deen 1994 op d'Been gesat gouf, fier Investissementer an de Kleng- a Mëttelbetriber ze finanzéieren.
[Änneren] Hir Fonctiounsweis
Bei grousse Projetën (iwwer 25 Milliounen Euro) schafft d'EIB direkt matt de Promoteure vum Projet. Bei méi klenge Projetën schafft se matt enger 180 Banken a spezialiséierte Finanzvermëttler zesummen.
D'EIB décidéiert autonom, weem se wivill léint, an dat op Grond vun de Méritë vum Projet an de Méiglechkeete vun de Finanzmäert. All Joers gët se e Rapport eraus, wou se hir Auswiel beschreift.
D'EIB schafft mat den Institutioune vun der EU zesummen. Hir Vertrieder kënnen derbäi sinn, wann d'Comitéë vum Europäesche Parlament zesumme kommen, an hire President kann un de Versammlunge vum Conseil vun der Europäescher Unioun deelhuelen.
[Änneren] Wéi ginn Decisioune geholl?
D'EIB huet e Conseil vu Gouverneuren, deen sech aus de Ministeren (meeschtens de Finanzministeren) vun den EU-Memberstaaten zesummesetzt. Dësen definéiert d'allgemeng Politik vun der Bank a puncto Prêtën, approuvéiert de Bilan an de Joeresrapport, erlaabt der Bank, Projetën baussent der EU ze finanzéieren an décidéiert iwwert ewentuell Kapitalerhéigungen.
Da gëtt et nach e Verwaltungsrot, wouvunner der President vun der Bank och President ass, an deen aus 24 Membere besteet, déi vun den EU-Memberstaaten ernannt ginn, an engem, dee vun der Europäescher Commissioun nominéiert gëtt. Dësen approuvéiert déi eenzel Actioune, wou Sue ge- oder verléint ginn, a muss doriwwer oppassen, dass alles riit leeft.
Schliislech ass do den Directiouns-Comité. Hien ass d'Exekutivorgan vun der Bank an domatter fir hiren alldeeglegen Oflaf verantwortlech.
[Änneren] Links
[Änneren] Intern
[Änneren] Extern
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |