Europa (Mythologie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Europa ass eng Figur aus der griichescher Mythologie. D'Geschicht vum Europa a vum Zeus gëtt et an e puer Versiounen, wéi dat bei ville Mythen de Fall ass. Sou ass hei z.B. de Stéier mol schluetwäiss, mol brong, mol schwaarz oder d'Europa ass entweder eleng beim Mier oder gëtt vu Frëndinne begleet. Mee de Kär vun der Erzielung bleift ëmmer dee selwechten.
[Änneren] Geschicht
D'Europa war déi wonnerschéin Duechter vum phönizesche Kinnek vun Tyros a Sidon, dem Agenor a senger Fra Telephassa. Hier Bridder waren de Kadmos, de Cilix, de Phoenix an den Thasus.
Enges nuets hat d'Europa en Dram. Zwee Länner a Gestalt vun zwou Fraen hu sech em si gestridden. Déi eng, "Asien" hätt se gäre bei sech gehalen, déi aner "d'Land géigeniwwer" wollt si op Befehl vum Zeus op d'Mier erauszéien.
Wou d'Prinzessin moies erwecht ass, huet si decidéiert bei d'Mier ze goen. Den Zeus, den Ieweschte vun de griichesche Gëtter huet si erbléckt wéi se amgaang war Blummen ze plécken a Kränz ze maachen an huet sech direkt an si verléift.
Fir un d'Europa erunzekommen (an och fir dat seng jalous Fra Hera näischt sollt an Uecht huelen) huet den Zeus sech dunn an e Stéier verwandelt, ass op si duer gaang an huet sech viru seng Féiss geknéit. Well de Stéier sou zoutraulech war huet d'Europa keng Angscht kritt, huet him e Blummekranz em d'Hare geluecht an sech dunn op säi Réck gesat.
Op eemol ass de Stéier ugaang, ass mam Europa an d'Mier erageschwomm an huet net ugehal bis se op der Insel Kreta ukomm sinn, wou den Zeus sech ze erkenne ginn huet. Hie verwandelt sech zréck a seng mënschlech Gestalt a verféiert d'Europa.
D'Europa huet mam Zeus dräi Kanner: de Minos, de Rhadamanthys an de Sarpedon. Nodeems heen si velooss huet, huet se de Kinnik vu Kreta, den Asterius bestuet.
[Änneren] Konscht
D'Geschicht vum Europa huet eng ganz Rei Kënschtler inspiréiert.
- 1470: "D'Entféierung vum Europa" vum Liberale da Verona (Panneau - 39 cm x 118 cm - Paräis, musée du Louvre)
- tëscht 1465 an 1494: "Den Ëmzuch vum Thetys" vum Bartolomeo di Giovanni befënnt sech op engem "coffret de mariage", d'Europa an de Stéier sin Deel vum Ëmzuch (Panneau, 42,7 cm x 150 cm - Paräis, musée du Louvre)
- 1503: "De Kampf vun der Léift an der Keuschheet" vum Pérugin wou d'Europa an de Stéier am Hannergrond ze gesi sinn (Ueleg op Läinwand - 160 cm x 191 cm - Paräis, musée du Louvre)
- 1632: "D'Entféierung vum Europa" vum Rembrandt, Dutch, (Ueleg op Panneau, - 62,2cm x 77 cm - Los Angeles - Getty Museum)
- 1559-1562: "D'Entféireung vun der Europa" vum Tiziano Vecellio, genannt Titian, (Ueleg op Läinwand - 58 x 96 cm - Isabella Stewart Gardner Museum, Boston). Eng vum Rubens gemolte Copie hängt am Prado zu Madrid.
- ...