Famill
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Begrëff Famill ass, a senger wäiter Definitioun, e Grupp vu Leit déi zesummeliewen an een no deem anere kucken.
D'Wuert kënnt vum laténgesche Begrëff familia (vu famulus - "Haussklav"), wou et ufanks net déi bestuete Koppel a seng Kanner bezeechent huet, mee den Numm war fir all d'Sklaven, déi zum Besëtz vum Patriarch gehéiert hunn. Mann ouni Famill ass deemools ee genannt ginn, deen an Aarmut gelieft huet.
Hautdesdaags bezeechent ee mam Begrëff Famill awer éischter déi Leit, déi biologesch a sozial Lienen hunn, wéi de Papp, d'Mamm, d'Kanner, d'Grousselteren, d'Monnien, d'Tattaen an d'Koséngen.
D'Kärfamill ass nach méi enk gefaasst a besteet nëmmen aus Papp, Mamm a Kanner, oder esouguer just aus engem eenzegen Elterendeel mat dem oder de Kanner.
[Änneren] Basisschema vun enger Famill
[Änneren] Kuckt och
- Adoptioun
- Bestietnes
- Eedem
- Familljebuch
- Familljechef
- Geschwëster
- Jonggesell
- Klan
- Pätter
- Schwéierpapp
- Schwoer
- Stéipapp
- Genealogie