Feier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Feier bezeechent de Virgank vun der Verbrennung, d.h. vun enger séirer Verbindung vu brennbare Stoffer mat Sauerstoff, woubäi Liicht a Wäermt entstinn.
Wéi d'Mënsche bis d'Feier Meeschter gi sinn, si se a ganze Schotz an der Evolutioun no vir komm. D'Feier kacht de Kascht, bréngt Luucht an d'Däischtert, wiermt de Mënsch a verdreift wëll Déieren. Spéider Gebräicher sinn d'Brenne vun Zillen an d'Erhëtze vu Waasser fir d'Dampkraaft ze notzen.
Feier maache kann een op eng sëllechen Aart a Weisen. Primitiv Vëlker bueren oder reiwen dréchen Hëlzer géinteneen, oder schloe Steng openee fir Fonken ze kréien. Eng Weiderentwécklung war de Feierstol, dee bis an d'17. Joerhonnert a Gebrauch war, an deen aus engem gebéitene Stéck Stol bestanen huet, dat géint e Feierstee geschloe gouf. Ëm 1830 koumen dunn déi éischt Fixspéin op de Moart.
[Änneren] Kuckt och
- Brandschutz
- Pyrotechnik
- Symbolik vum Feier an der Bibel