Fieseler Fi 103
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’ Fieseler Fi 103, och V1 genannt (Vergeltungswaffe 1), intern ënner dem Tarnnumm FZG 76 (Flakzielgerät) benannt, war een onbemannte mat Sprengstoff beluedene Fliger a war den éischte Marschfluchkierper op der Welt.
V1 war déi vum Joseph Goebbels erfonnten , propagandistisch Bezeechnong. Fieseler Fi 103 war déi militäresch Bezeechnong laut dem RLM-System fir Fligeren.
D’ Fi 103 gouf an Däitschland entweckelt an am Zweete Weltkrich vu Juni 1944 bis März 1945 a grousser Zuel agesaat. Sie ass normalerweis vun enger Startramp gestart ginn, et sinn der awer och vu Fligeren aus gestart ginn. D’Fi 103 gouf haaptsächlech géint London an Antwerpen geschoss. Méi spéid huet se Hëllef vun der A4-Rakéit (V2) kritt.