Fondue
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel zum Thema Gastronomie an Iessen ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bei der Fondue ginn et verschidde Formen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Kéisfondue
Déi Schwäizer Kéisfondue besteet aus geschmolzenem Kéis. De Kéis gëtt an engem sougenannte Caquelon, engem Dëppen aus Toun oder Goss geschmolt, woubäi de Caquelon mat Knuelwléck ageriwwe gouf ier de Kéis dra kënnt.
Et gëtt verschidde Rezepter. Mee ëmmer gëtt de Kéis mat enger Forschette op där e Stéck Brout opgespiisst gëtt an d'Fondue gezappt an erausgefëscht.
E gudde Rot: Déi Geschicht vum Kirsch bei der Kéisfondue as kee Mäerchen. Dat hëlleft wierklech, zumools bei der Kéisfondue, besser ze verdauen. Soss huet een herno eppes wéi e Steen am Mo leien.
[Änneren] Fondue Bourguignonne
Bei der Fondue Bourguignonne gëtt Fett am Fonduesdëppe waarm gemaach. An dat gëtt da spéider d'Fleesch (dacks Rëndfleesch, mee d'kann een och aner Zorten huelen) gezappt. Bei der Fondue gi verschidden Zoosse fir bei d'Fleesch zervéiert, souwéi och verschidden Zaloten.
[Änneren] Fondue Vigneronne / Fondue Bacchus
D'Fondue Vigneronne an d'Fondue Bacchus gi mat waarmem Wäi gemaach oder mat enger Mëschung aus Wäin a Britt. D'Fondue Vigneronne gëtt haaptsächlech mat roudem Wäi gemaach (eng Mëschung vu wäissem a rouden ass och méiglech), d'Fondue Bacchus mat wäissem oder Rosé. Dozou kënnt da nach Geméis (Ënn, Lorbier, Neelcheskäpp, Muert, Porrett an Zellerie). Wéi bei der Fondue bourguignonne kann een ausser Rëndfleesch och nach anert Fleesch huelen.