Fräsbaach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Fräsbaach, och Friesbaach, (op der topographescher Kaart Fräsbech) a vun de Leit aus der Géigend Freesbich genannt, entsteet nordëstlech vu Rued aus dem Zesummelaf vun zwou Baachen. Déi eng dovunner huet hir Quell um Flouer Seilbur op enger Héicht vu 430 Meter an déi zweet kënnt lénkerhand duerch eng Griecht derbäi, an dës huet zwou Quellen, (am Mollebur an am Haardsbur) op enger Héicht vu 460 Meter.
Ronn 700 Meter duerno leeft vu lénks e Gruef dran dee vum Lannenerbierg kënnt. Duerno leeft se laanscht Lannen, an dréint no Osten op Nojem zou wou se fréier zwou Mille gedréit huet. Zu Nogem leeft se ënner dem CR203 erduercht. Hei kënnt och nach vu Norden eng Bächelchen derbäi déi aus dem Jongebësch tëscht Nogem an Hueschtert kënnt. Si leeft da weider a südëstlecher Richtung laanscht Ousterbur op Réiden zou wou se d' Felleschmillen an d' Thillsmillen ugedriwwen huet. Si leeft dann op der Héicht vun der aler Jangli'sgare ënner der N22 erduercht an 200 Meter virun der Schummeschmillen leeft d'Fräsbaach an d' Atert.
D'Fräsbaach huet eng Längt vu ronn 6.550 Meter.