Nationalstrooss 22
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Nationalstrooss N22 och nach Atertstrooss genannt ass eng Nationalstrooss am Réidener a Mierscher Kanton.
Si fänkt un zu Uewerpallen um Diggel op der belscher Grenz wou se Uschloss un déi Belsch Nationalstross N822 huet, an och op enger Längt vu ronn 100 Meter d'Grenz mécht.
Vu Pallen leeft se no Osten duerch Ell wou se iwwer d'Atert geet, an da weider op Réiden, Räichel an Useldeng.
No Useldeng geet et weider op Béiwen a Biissen bis op Kolmer-Bierg wou se dann op d' N7 stéisst.
|
|||
N 8 | N 12 | N 21 | N 22 | N 22A | N 22B | N 23 | N 24 | N 27 |