François Scheffer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De François Scheffer gebuer den 1. Juli 1766 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 9. September 1844, war 4 Joerzéngte laang Buergermeeschter vun der Stad. No him ass d'Scheffer-Allée um Lampertsbierg benannt.
De François Scheffer, Jong vun engem Staadter Geschäftsmann, huet zu Bréissel Droit studéiert, huet nom Studium awer net als Affekot geschafft, mee am Buttek, deen e vu sengem Schwéierpapp iwwerholl huet. Do dernierft hat hien eng Hellewull Posten an Ämter doruechter:
Hie war an der Sebastianbrudderschaft, Leutnant bei der Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg, ënnert de Fransouse koum hien an de Gemengerot, an d'Hypothéiken- an an d'Zentralverwaltung vum Département des Forêts, gouf eng éischte Kéier 1800-1802 Buergermeeschter, dono Riichter um Handelsgeriicht, 1815 Bataillounschef vun der Biergergarde, 1816-1817 fir d'zwwet Buergermeeschter, dunn huet en den Distriktscommisaire vertratt. 1820 bis 1822 war e fir d'drëtt Buergermeeschter, a fir d'véiert vun 1827 bis kuerz virun sengem Doud, 1844.