Lampertsbierg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lampertsbierg ass e Quartier vun der Stad Lëtzebuerg.
[Änneren] Geschicht
Zur Zäit vun der Festung Lëtzebuerg loung de Lampertsbierg extra muros, just hannert dem Glacis (den heitege Parking huet säin Numm vun deem festungstechneschen Terme). Et war en einfachen Hiwwel, den Mont-Saint-Lampert, wou pch den Numm hirkennt, mat engem Bësch. 1755 ass de Kierfecht Notre-Dame, den Nikloskierfecht do op engem klengen Areal amenagéiert ginn.
Wéi den Traité vu London 1867 d'Groussherzogtum op éiweg neutral erkläert huet, huet missen d'Festung geschläift ginn. Doduerch konnt sech de Perimeter vun der Stad entwéckelen - op de Lampertsbierg ass eng Rousenziichterei komm, déi an all Häre Länner Lëtzebuerger Rousen exportéiert huet.
Hautdesdaags ass de Lampertsbierg eng gemëschten Zone, also souwuel e Quartier résidentiel wéi och commercial. Et fënnt een do nieft ville Privatwunnéngen eng Rei Banken, en etlech Educatiounsariichtungen (en Del vun der Lëtzebuerger Universitéit, de Jongelycée, de Lycée Robert Schuman, de Lycée Vauban, de Lycée technique des Arts et Métiers, de Lycée Technique du Centre, de Lycée Technique Michel Lucius an d'École Française de Luxembourg), d'Victor Hugo-Hal (e Kulturzentrum) an de groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg.
All Joer ass Enn August an Ugaangs September um Glacis um Lampertsbierg d'Stater Kiermes, d'Schueberfouer.
[Änneren] Kuckt och
Beggen | Belair | Bouneweg-Nord/Verluerekascht | Bouneweg-Süd | Clausen | Dummeldeng | Eech | Gare | Gaasperech | Gronn | Hamm | Hollerech | Kierchbierg | Lampertsbierg | Märel | Millebaach | Neiduerf/Weimeschhaff | Pafendall | Polfermillen | Rollengergronn/Belair-Nord | Uewerstad | Weimeschkierch | Zéisseng | Zens
.