François Valentiny
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De François Valentiny ass e renomméierte lëtzebuergeschen Architekt.
Hie gouf den 13. Mäerz 1953 zu Rëmerschen gebuer, an huet un der École d'architecture de Nancy an der Universität für angewandte Kunst zu Wien beim Professer Wilhelm Holzbauer op Magister studéiert. Zënter 1980 ass en de Partner vum Hubert Herman mat deem hien zënter 1997 den Architekturbureau "hermann & valentiny und partners" / "hermann & valentiny et associés architectes s.à.r.l." (Wien / Rëmerschen) bedreift.
Hien huet ënner anerem de Lëtzebuerger Tuerm um Tréierer Petrisberg an zesumme mat sengem fréiere Prof Wilhelm Holzbauer den Ëmbau vum Salzburger Kleine Festspielhaus an d'Haus für Mozart entworf.