Fred Junck
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Fred Junck gebuer de 26. Mäerz 1942, a gestuerwen den 10. Februar 1996 an der Stad Lëtzebuerg war e Cinéphile, Filmsammler a Grënner vun der Staadter Cinémathèque.
Wéi de Fred Junck 12 Joer al war, koum en op Paräis an e Pensionnat. Do huet e séng Passioun fir de Kino entdeckt an all Fräigang genotzt, fir an de Kino ze goen. Matt 18 Joer si séng Kenntnisser iwwer de Film esou grouss, dass en an der Tëlevisiounsémissioun La tête et les jambes, virun 8 Milliounen Nokuckerten, den Haaptpräis vun enger Halwer Millioun Aler Franséischer Frangen gewonnen huet.
E mécht seng Première am Lycée Henri IV a studéiert dono Journalismus a Film um Institut des Hautes Etudes Cinématographiques. Do ass e mam Barbet Schroeder a Bertrand Tavernier zesummen an der Klass.
Fir säin obligatoresche Militärdéngscht ze man, kënnt en 1968 zeréck op Lëtzebuerg. Dono dréit en 1969 en Documentaire iwwert de George S. Patton. Hie schafft als Filmkritiker op der Tëlevisioun an an der geschriwwener Press. 1969 ass e Producteur Associé vum Barbet Schroeder sengem Film More, an 1972 dréint en L’Europe en marche, hommage à Robert Schuman.
Vun 1973 ass de Fred Junck am Kulturministère agestallt. 1975 ass en ee vun de Mattbegrënner vun der Cinémathèque du Luxembourg Asbl., wou Filmer, déi en doruechter sammelt, gewise kënne ginn. Des Projectioune sin am Kino Vox an der Stad. 1977 wiesselt de Fred Junck an de Service Culturel vun der Stad Lëtzebuerg, a knaps derno gët d’Cinémathèque an d’Strukure vun der Stad integréiert. De Fred Junck huet elo d’Méiglechkeet, Filmer doruechter opkafen ze kënnen, a stellt bannent just e puer Joer eng international unerkannte Sammlung zesummen, déi vun den Hollywood-Klassiker iwwer B-Filmer bis hin zu raren Stommfilmer reecht.
1990 schreift en en Dréibuch vun engem Krimi mamm Titel Schock Wave, deen awer net verfilmt sollt ginn. De Fred Junck ass 1996 am Alter vun 53 Joer an der Stad verscheed.
[Änneren] Decoratiounen
Croix d’Officier des Arts et Lettres de la République française
[Änneren] Filmographie
[Änneren] Als Regisseur
- George S. Patton: A Man, a Legend (1969)
- L'Europe en Marche: Hommage à Robert Schuman (1972)
[Änneren] Als Schauspiller
- La Boulangère de Monceau vum Eric Rohmer (1961)
- One-Reel Picture Show vum Andy Bausch (1983)
- A Wopbopaloobop A Lopbamboom vum Andy Bausch (1989)
- Mumm Sweet Mumm vum Paul Scheuer, Georges Fautsch a Maisy Hausemer (1989)
- Three Shake-a-leg Steps to Heaven vum Andy Bausch (1993)
- Falstaff on the Moon, vum Robinson Savary (1993)
[Änneren] Als Produzent
- More vum Barbet Schroeder (1969)
[Änneren] Iwwert de Fred Junck
- L'Homme au cigare vum Andy Bausch (2003)