Robert Schuman
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass iwwert de Politiker Schuman. Fir de Komponist, kuckt Robert Schumann (mat zwéin "N")
De Robert Schuman gebuer den 29. Juni 1886 a Clausen (Stad Lëtzebuerg) a gestuerwen de 4. September 1963 zu Scy-Chazelles bei Metz, wor e franséische Politiker.
Als franséischen Ausseminister huet de Schuman d'Grënnung vun der CECA, der éischter Europäescher Communautéit, an d'Weeër geleet (kuckt: Schuman-Declaratioun). Spéider war de Schuman President vum Europäesche Parlament. Hee gëllt, mam Jean Monnet, als ee vun de Grënnungspäpp vun der Europäescher Unioun.
[Änneren] Liewenslaf
Den 29. Juni 1886 kënnt a Clausen de Jean-Baptiste Nicolas Robert Schuman, Jong vum Jean-Pierre Schuman, engem Loutrenger vun Évrange, direkt hanner Fréiseng, a senger Fra Eugenie Duren (1864-1911), enger gebierteger Beetebuergerin, op d'Welt. Well Loutrengen déizäit däitsch war hat de Robert Schumann och bis nom Éischte Weltkrich déi däitsch Nationalitéit.
Vun 1896 - 1903 wor hie Schüler am Kolléisch an der Stad Lëtzebuerg; seng Première mécht en um "Kaiserlichen Gymnasium" zu Metz (dat deemools däitsch war).
1904 fänkt en e Studium op der Uni Bonn, an deene nächste Joren studéiert hien Droit zu München, Berlin a Stroossbuerg. 1908 mecht hien den éischte Staatsexamen an e Stage (Referendariat) zu Metz. 1910 kritt hien d'Promotioun als Dokter jur. "summa cum laude".
1911 stierft seng Mamm an de Schuman spillt mam Gedanken, Paschtouer ze ginn. Mee et kënnt ganz anescht. 1912 mécht hien den zweete Staatsexamen a gëtt Affekot zu Metz.
1913 ass de Schumann President vun der Organisatioun vum Däitsche Katholikekongress zu Metz.
1914 - 1918 schafft en zu Boulay an der Sous-préfecture a gëtt 1918 Member vum Metzer Gemengerot.
Nodeems d'Elsass a Loutrengen 1919 erëm franséisch goufen, kritt en d'franséisch Nationalitéit an hien ass vu 1919 bis 1940 (wou e verhaft gouf) Deputéierten fier d'Union Republicaine Lorraine an der Assemblée Nationale, dem franséische Parlament.
1928 - 1936 ass de Schumann President vun der parlamentarescher Commissioun 'Alsace-Lorraine', zäitweileg och Vizepresident vun der Assemblée Nationale.
1940 - 1942 sëtzt hien zu Metz an zu Neustadt an der Weinstraße am Prisong mee ka vun do fortlafen.
Nom Krich 1945 ass hien op e Neits Deputéierten am franséische Parlament, als President vun der Finanzcommissioun.
1946 gëtt de Schuman Finanzminister a vun 1947 - 1948 Ministerpresident vu Frankräich.
Vun 1948 - 1952 ass de Schumann Aussenminister an aacht Regierungen, déi ni laang gehalen hunn.
De 9. Mee 1950 kënnt et zur historescher Declaratioun fir Europa nei opzebauen, andeems mat der CECA sollt ugefaang ginn. D'Zil wier eng Federatioun vun Europa. Den 18. Abrëll gëtt de CECAs-Traité zu Präis ënnerschriwwen.
1952 ass d'Europäesch Communautéit fier Stol a Kuel Wierklechkeet mee seng Virstellungen iwwert eng Europäesche Communautéit gi villen a Frankräich ze wäit, hie muss säin Amt néierleeen.
1953 gëtt d'Stroossbuerger Conventioun fier Mënscherechter a biergerlech Grondfräiheeten, déi vum Schuman moossgeblech mat ausgeschafft gouf, vu 26 europäesche Staten ënnerschriwwen.
1955 ass de Schumann Justizminister.
Vun 1953 - 1958 hält hien onzieleg Virtreeg a ganz Europa, fir Ënnerstëtzung vu senger Iddi vun engem geeenten Europa ze fannen.
Vun 1958 - 1960 gëtt de Schuman zum President vum Europäesche Parlament gewielt; d'Unhuele vun de Traitéë vu Roum vu 1957 féieren Europa op dee Wee zeréck, deen de Papp vun Europa schonns a senger Declaratioun vum 9. Mee 1950 ageschloen hat.
1958 kritt hien de Karlspräis vun der Stad Oochen a 1959 den Erasmus-Kulturpräis zesumme mam Karl Jaspers.
De Robert Schuman stierft zu Scy-Chazelles de 4. September 1963.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Schuman-Declaratioun (fr)