Gehaansbierg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Gehaansbierg (fr.: Mont St. Jean, de: Johannisberg) ass eng Erhiewung, déi tëscht Diddeleng a Keel läit. Eng Parti läit op der Gemeng Diddeleng (ronn 2/3) an de Rescht op der Keeler Gemeng. Seng héchste Plaz ass 405 Meter iwwer NN. De Gehaansbierg huet eng Fläch vu ronn 22 ha wouvun ongeféier 17 ha der Diddelenger Gemeng gehéieren.
De Rescht ass a Privatbesëtz a gehéiert de Grofe vu Manom, dozou gehéiert deen Deel deen op der Keeler Gewan läit an den ieweschten Deel mat der Buerg. D'Buerg déi och den Häre vu Manom gehéiert ass vir 99 Joer un d'Gemeng Diddeleng verlount wéinst den Ausgruewungen an de Restauratiounen déi do gemaach ginn. Déi ennescht Parti vum Bierg war och net ëmmer Bësch. Do ware Felder ugeluegt a sou wéi ee Flournumm et seet mat grosser Wahrscheinlechkeet och ee Wéngert. Déi Parti heescht am Wangert a läit tëschent der Scherr an dem Bierg.
Déi ennescht Parti (bal alles wat ënner dem Wee läit deen ëm de Bierg geet) gouf an den 1930er Joren ugeplanzt. Dës Aarbechte goufen deemools gemaach fir Diddelenger Leit ze beschäftegen déi ënner der schlechter Konjuktur vun deemools keng Aarbecht haten. Et kéint ee bal soen do wieren deemools d'Noutstandsaarbechten erfonnt ginn. Responsabel fir déi Uplanzunge war den deemolege Fierschter François Knepper dee bei der Auswiel vun den Holzaarte besonnesch gutt op déi verschidden Expositioune vum Bierg opgepasst huet an duerfir relativ vill verschidde Beem gesat huet. Um Gehaansbierg fënnt een duerfir haut iwwer 25 Zorte Beem.
An der Zong déi op Keel wéist (op der Foto hei niewendrun) an déi schonn ëmmer Bësch war stinn eng Parti ganz schéi Käschtebeem. Leider hunn d'Leit déi sech do hir Käschte klaue gaang si Riffeleisen drageknuppt fir kënnen derlaanscht eropzeklammen an sou eng Parti vun de Beem beschiedegt.
Geomorphologesch gesinn handelt et sech ëm en Zeiebierg, deen der Schichtstuf vum Aalenium (Stuf vum Minette) virgelagert ass.
[Änneren] Geschichtleches
Den Ufank vun der Diddelenger Stad ass nach bis op d'Kelten an d'Réimer zeréckzeféieren. Haut ass bewisen, datt et um Gehaansbierg eng réimesch Nidderloossung gouf. Ëm d'Joer 1464 koum et zu engem éischten, an Dokumenter festgehalene Bau vun enger Buerg duerch d'Häre vu Gymnich.
[Änneren] Naturléierpad
Am Joer 1999 huet d'Diddelenger Gemeng en neien Naturléierpad um Gehaansbierg ugeluecht. E läit um Circuit, de ganz ëm de Gehaansbierg geet. Op dëser Streck vu bal 1000 m sti 5 Panneauen zu dësen Themen:
- D'Vigel
- D'Mamendéieren
- D'Beem
- D'Planzen um Buedem
- D'Insekten.
Am Agank vum Gehaansbierg op der Héicht vum Waasserbaseng steet en Agankspanneau mat enger Kaart an Explikatiounen iwwert dëse klengen Naturléierpad.
[Änneren] Kuckeswäertes
Nieft der Buergruin steet eng Kapell an eng 16 Meter héich Aussiichtsplattform, vun där aus een d'Buergiwwerreschter an d'Ëmgéigend bewonnere kann.
Fréier ass och all Joer op Gehaansdag eng Prëzession vu Butschebuerg op de Gehaansbierg gaang.
[Änneren] Kuriositéiten
- Am Joer 2000 gouf um Gehaansbierg Deeler fir de Film Shadow of the Vampire (mam John Malkovich a Willem Dafoe) gedréint.
- Et existéiert e Fantasy-Forumrollespill, wou et em d'Buerg Butschebuerg geet. Et handelt sech heibäi em fiktiv Charakteren déi op reale Plaze spillen.