Mamendéieren
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
Léiw | |||||
|
|||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Ënnerstamm : | Wierbeldéieren | ||||
Iwwerklass : | Kiefermünder | ||||
Klass : | Mamendéieren | ||||
|
|||||
Mamalia | |||||
|
|||||
D'Mamendéieren sinn eng Klass aus dem Ënnerstamm vun de Wierbeldéieren (Vertebrata).
D'Mamendéieren hunn dat gréissten Déier, de Blowal, an dat geféierlëchsten Déier, de Mënsch, déi jeemols op der Äerd gelieft hunn, ervirbruecht. Mat Hellëf vun sénger Intelligenz huet de Mënsch et fäerdeg bruecht de Planéit fir séng Zwecker ëmzekrempelen an d'Ausstierwen vun aneren Déierenaarte ausgeléist, déi der Katastroph vu virun 65 Milliounen Joer, um Enn vun der Dinosaurierära, gläicht.
D'Mamendéieren sinn net déi aarteräichst Grupp ënnert de Wierbeldéieren, mä si dominéieren d'Äerd awer duerch hier Gréisst an duerch aner kierperlech Mierkmoler, déi si vun all denen anere Liewewiesen däitlech ënnerscheed.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Anatomie
Et ginn grouss Ënnerscheeder bei der Gréisst an dem Kierperbau vun all Mamendéier. Si hunn awer all Hoer um Kierper, e Mëllechgebëss a Mëllechdrüsen. All dës Mierkmoler feelen bei all denen anere Klasse vun Déieren.
Si leeën, bis op e puer Ausnahme, keng Eeër, mä si bréngen hier Jonk lieweg op d'Welt an nieren se mat enger Flëssekeet (Mëllech), déi aus spezielle Drüsen (Zitzen oder Mamen) kënnt.
D'Kierpertemperatur läit wäit iwwert der Temperatur déi ronderem ass a bleiwt op engem bal konstantem Niveau. Si gehéieren zu de Waarmblüter. Hire Stoffwiessel ass zimlech héich a gläichméisseg.
[Änneren] Fortbeweegung
[Änneren] Ofstamung
[Änneren] Systematik
Kuckt dozou den Artikel Systematik vun de Mamendéieren.
- Urmamendéieren (Protheria)
-
-
- Uerdnung Kloakendéieren (Monotremata)
-
-
- Theria
- Beidelmamendéieren (Methateria)
- Iwweruerdnung Australidelphia
- Iwweruerdnung Ameridelphia
- Héijer Mamendéieren (Eutheria)
- Iwweruerdnung Niewegelenkdéieren (Xenarthra)
- Iwweruerdnung Laurasiatheria
- Iwweruerdnung Afrotheria
- Iwweruerdnung Euarchontoglires
- Beidelmamendéieren (Methateria)