Geographos (Asteroid)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(1620) Geographos | |
---|---|
Orbittyp | Apollo-Typ |
Positioun (Äquinoktium: J2000.0) | |
Grouss Hallefachs | 1,2455 A.E. |
Perihel – Aphel | 0,8277 – 1.6632 AE |
Exzentrizitéit | 0,3354 |
Inklinatioun | 13,341 Grad |
Sideresch Ëmlafzäit | 1,39 Joer |
Mëttel Bunnvitesse | 26,69 km/s |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 5 x 2 x 1,5 km |
Mass | ? kg |
Albedo | 0,19 |
Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 5,13 h |
Absolut Hellegkeet | 15,6 |
Spektralklass | S-Typ |
Entdecker A. Wilson, R. Minkowski | |
Entdeckungsdatum | 14. September 1951 |
Aner Bezeechnungen | 1951 RA, 1983 CY3 |
De (1620) Geographos ass en Äerdnoen Asteroid (Planetoid) aus der Grupp vun den Apollo-Asteroiden. Dëst sinn Himmelskierper, wou eis Äerdbunn kräize kënnen.
Den Asteroid gouf de 14. September 1951 um Mount Palomar-Observatoire vun den Astronomen Albert George Wilson an Rudolf Minkowski entdeckt. De Numm bedeit Geograph an d’Benennung ass erfollegt zu Éieren vun der National Geographic Society.
Geographos. Hie bewegt sech tëschent 0,8277 AE (Perihel) an 1,6632 AE (Aphel) a ronn 508 Deeg ëm eis Sonn. D’Bunnexzentrizitéit ass 0,3354, an d’Bunn ass ëm 13,341° géint d’Ekliptik gebéit.
Am Joer 1994 hunn Radarobservatiounen erginn, datt et sech beim Geographos ëm e länglecht Objet vun 5 × 2 × 1,5 km Ausdeenung handelt. Den Asteroid rotéiert a ronn 5 Stonnen an 13 Minutten ëm seng eegen Achs.
Kuckt och: Lëscht vun den Asteroiden