Spektralklass
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Spektralklass an der Astronomie ass eng Klassifikatioun vun de Stären no dem Ausgesinn vun hirem Spektrum.
D'System berout op der Entdeckung vum Joseph von Fraunhofer am Joer 1813, datt am Sonnespektrum donkel Absorptiounslinnen ze gesinn waren. De Robert Wilhelm Bunsen an den Gustav Robert Kirchhoff entdeckten 1859 dann, datt dës Linnen vun der Lag hir identesch sinn mat Emissiounslinnen, déi vu bestëmmten chemeschen Elementer ofginn.
De Schluss luch no, datt dës Elementer an der Sonn och mußte sinnn. D’Spektralanalys war begrënnt. Niewent der Analys vu Materialien op der Äerd, konnte en esou och Stärespektren analyséieren.
Et bestinn folgend siwen Grondklassen an dräi Ënnerklassen:
Klass | Charakteristik | Fuarf | Temperatur an K | Mass a MO | Beispillstäre |
---|---|---|---|---|---|
O | Ioniséiertes Helium (He II) | blo | 30000–50000 | 60 | Mintaka(?), Naos (ζ Puppis) |
B | Neutralen Helium (He I) Balmer-Serie Waasserstoff |
blo-wäiss | 10000–28000 | 18 | Rigel, Spicahalio |
A | Waasserstoff, Calcium (Ca II) | wäiss (liicht blolëch) | 7500–9750 | 3,2 | Vega, Sirius |
F | Calcium (Ca II), Optriede vu Metaller | wäiss-giel | 6000–7350 | 1,7 | Procyon, Canopus |
G | Calcium (Ca II), Eisen an aner Metaller | giel | 5000–5900 | 1,1 | Capella, Sonn |
K | Staarke Metalllinnen, spéider Titanoxid | orange | 3500–4850 | 0,8 | Arcturus, Aldebaran |
M | Titanoxid | rout-orange | 2000–3350 | 0,3 | Beteigeuze (Stär), Antares (Stär), Kapteyns Stär |
Ënnerklassen | |||||
R | Cyan (CN), Kuelenmonoxid (CO), Kuelestoff | rout-orange | 3500–5400 | S Camelopardalis, RU Virginis | |
S | Zirkonoxid | rout-orange | 2000–3500 | T Camelopardalis, U Cassiopeiae | |
N | Kuelestoff | rout | 1900–3500 | R Leporis, Y Canum Venaticorum, U Hydrae |
Et huet sech agebiergert, d’Spektralklassen O bis A als fréi Spektralklassen, d’Spektralklassen F bis G als mëttel Spektralklassen an déi iwreg Spektralklassen als spéit Spektralklassen ze bezeechnen. D’Bezeechnungen fréih, mëttel a spéit entstamen aus der iwwerhuelten Meenung, d’Spektralklass géif eppes iwwer d’Entwécklung vum Stär aussoen.. Trotz dèeser falscher Andeelung sinn dës Bezeechnungen nach haut am Gebrauch.
D’Spektralklassen mat hiren siwen Grondtypen (O, B, A, F, G, K, M) maachen ronn 99 % vun alle Stären aus, woufir déi aner Klassen oft vernoléissegt ginn. Als Mierksaz fir dës Spektralklassen déngt de Saz:
- "O Be A Fine Girl Kiss Me (Right Smack Now)": O B A F G K M (R S N)
oder och
- „Offenbar Benutzen Astronomen Furchtbar Gerne Komische Merksprüche“: O B A F G K M.
- „Oh, Bei Allen Fixsternen Gibt's Kennzeichnende Merkmale“: O B A F G K M.
Folgend Klassen loossen sech an d’Sequenz net anuerdnen:
Q | Novae |
P | Planetareschen Niwwel |
W | Wolf-Rayet- Stär |
WN | Stéckstofflinnen |
WC | Kuelestofflinnen |
Ausserdeem kënnen Besonneschkeeten am Spektrum duerch Zousäz erkenntlech gemaach ginn:
c | besonnesch scharf Linnen |
g | normale Ris |
d | Zwergstär (Haaptrei; engl. dwarf) |
sd | Ënnerzwerg (engl. sub dwarf) |
w | Wäissen Zwerg |
n, nn | diffus Linnen |
s | scharf Linnen |
e, em | Emissiounslinnen |
p, pec | Besonneschkeetenn bei Linnenintensitéit (engl. peculiar) |
m | staark Metalllinnen |
comp | zesummegesaaten (engl. composite) Spektrum |
v, var | variabelt Spektrum |
Deelweis ginn dës Zousäz duerch Deklaratioun vun der Liichtkraaftklass, déi 1943 vum William Wilson Morgan an Philip Keenan agefouert goufen ( MK-System), iwwerflësseg. De Pickering huet am Joer 1890 ugefaangen, d’Klassifikatioun zesummen mam Williamina Fleming, Antonia Maury an Annie Jump Cannon ze beaarbechten. Dobäi goung de Pickering alphabetesch vir a sortéiert d’Klassen mat Groussbuschtawen vun A bis Z .
D’Annie Jump Cannon stellt schnell fest, datt d’Reienfolg nët sënnvoll war. No der Ofstufung koumen déi blo-wäiss liichtend, ganz waarm O-Stäre no de rouden, relativ killen M- an N-Stären.
Weider huet sec heraus gestallt, datt e puer vun de Klassen nëmmen op Beliichtungsfeeler berouten oder keen Sënn haaten an dofir ewech fale konnten. D’Ofstufung gouf nët méi vum Spektrum, mä vun der Stärentemperatur ofhängeg gemaach.
Éischt Versich, Uerdnung an d’Hellegkeet an bei den Temperaturen vun de Stäre ze bréngen, haten am Joer 1865 den italienesche Pater Angelo Secchi mat enger dräistufeger Skala èennerholl an 1874 den Hermann Carl Vogel mat engem System, an dat och déi bis dohin bekannten Stärenentwécklungstheorien agefloss waren, wat zu stännegen Ännerungen gefouert huet.
[Änneren] Literatur
- Carlos Jaschek, M. Jaschek: The classification of stars, Cambridge: Cambridge University Press, 1987
- Schmidt-Kaler, Theodor (1982): Physical Parameters of Stars in: Landolt-Börnstein New Series, Vol. 2b, ed. K. Schaifers & H.H. Voigt (New York:Springer)
- Garrison, R.F.: The MK Process and Stellar Classification in R.F. Garrison, ed., The MK Process and Stellar Classification. Proceedings of the Workshop in Honor of W.W. Morgan and P.C. Keenan, held at the University of Toronto, Canada, June 1983 (U. of Toronto, 1984).