Georg Forster
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Johann Georg Adam Forster gebuer de 27. November 1754 zu Nassenhuben bei Danzig (haut Mokry Dwór a Polen) a gestuerwen den 10. Januar 1794 zu Paräis) war een däitsche Naturfuerscher, Ethnolog, Reesschrëftsteller, Journalist, Essayist a Revolutionär.
Hie war bei der zweeter Weltëmseglung vum James Cook an huet wichteg Beiträg fir d'Geographie an d'Vëlkerkunde vun der Südséi gemeet a gëlt als ee vun de Grënner vun der wëssentschaftlech begrënnter Reesliteratur.
Als däitsche Jakobiner huet hien zu de Protagonisten vun der kuerzer Mainzer Republik gehéiert.