Guy Lenz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Colonel Guy Lenz (* 28. Januar 1946 zu Péiteng) war vun 1998-2002 Chef d'Etat Major (Kommandant) vun der Lëtzebuerger Arméi. Hien ass bestued an huet zwee Kanner.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
Nodeems hien 1965 den Lycée oofgeschloss huet, goung hien op d’Lécker Universitéit studéieren. 1966 huet hien sech an der Arméi engagéiert an séng Studien fir Offizéier op der Ecole spéciale militaire zu St Cyr an Frankräich ugefaangen, fir se 1969 op der Ecole Application de l’Infanterie zu Montpellier oofzeschléissen. Hien huet séng Carrière zu Dikrech um Centre d’Instruction Militaire (CIM) an der Fonctioun vum Pelotonschef ugefaangen. Vun 1969 bis 1990 huet hien verschidden Fonktiounen um CIM ausgeübt, ënnert anerem déi vum Pelotonschef vun der Infanterie, Pelotonschef vun der Instruction de Base, Pelotonschef vun der Anti-Panzer Divisioun (TOW), Kompanie Kommandant vun der Infanterie, Kompanie Komandant vun der Kommando- an Service Kompanie, Personal-Offizéier, Instruktiouns- an Operatiounsoffizéier an als lescht déi vum Vize-Kommandant vum CIM. Während dëser Zäit huet hien och verschidden Fonktiounen beim AMF(L) Kontingent besaat.
An dëse Joren huet de Colonel Guy Lenz séng Weiderbildung vervollstännegt an déi heite Formatiounen gemaach:
- 1974: Formatioun iwert den waffensystem TOW bei der Bundeswehr an Däitschland
- 1975: Cours vum Kompanie-Kommandant op der Ecole d'Infanterie zu Arel an der Belsch
- 1976: Cours Candidat Major op der selweschter Schoul
- 1986-1987: Armed Forces Staff College zu Norfolk (Virginia, USA)
Säit Dezember 1990 an no sénger Formatioun zum Entwaffnungs-Inspekter um belschen Etat-Major an op der Ecole de l’OTAN zu Oberammergau an Däitschland, gouf hie Chef vum Groupe Inspections, Vérifications et Observations (GIVO) um Kommando vun der Lëtzebuerger Arméi an der Stad Lëtzebuerg.
Am Mee 1991 huet hien d’Operatioun Provide Confort an der Tierkei an am Irak als Chef de Mission um Kapp vun engem Lëtzebuerger Kontingent besicht.
Den 1. August 1993 ass hien als Conseiller Militaire der Lëtzebuerger NATO –Délégatioun bäigetrueden an gläichzäiteg war hien den Représentant National Militaire vum SHAPE.
Den 20. Februar 1995 gouf hien permanenten Lëtzebuerger Vertrieder am NATO Militär Komitee an Militär Délégéierten bei der UEO.
Vun 1998 bis 2002 ass den Guy Lenz Chef d’Etat Major (Kommandant) vun der Lëtzebuerger Arméi.
[Änneren] Décoratiounen
[Änneren] National
- Officier avec Couronne dans l'Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand Officier dans l’Ordre de Mérite
- Commandeur dans l’Ordre de la Couronne de Chêne
- Croix de 25 années de service
- Médaille commémorative du Mariage de LLAARR le Grand-Duc héritier et la Grande-Duchesse héritière
- Médaille commémorative du 25ième anniversaire à l’occasion de l’accession au trône de S.A.R le Grand-Duc.
- Médaille en vermeil de l'ordre grand-ducal du mérite sportif
[Änneren] International
- Chevalier de l’Ordre d’Orange de Nassau (NL)
- The Meritorious Service Medal (USA)
- Commandeur de l’Ordre de la Couronne du Royaume de Belgique