Lëtzebuerger Arméi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Lëtzebuerger Arméi ass hautdesdaags eng reng Fräiwëllegenarméi, déi aus ronn 800 Zaldoten, Kaporäl, Enner-Offizéier an Offizéier besteet. Si stellt den eenzegen Deel vun de lëtzebuergesche Sträitkräften duer, eng Marine oder eng Loftwaff existéieren net.
D'Zaldote sinn zënter 1955 um Dikrecher Härebierg an der Kasär Grand-Duc Jean stationnéiert.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
Kuckt heifir den Artikel: Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi.
[Änneren] Rekrutéirung a Carrièren
Fir an d'Lëtzebuerger Arméi antrieden ze kënne muss een:
- déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, oder déi vun engem aneren EU-Memberstaat an zënter op d'mannst dräi Joer zu Lëtzebuerg wunnen;
- tëscht 17 a 25 Joer al sinn;
- net bestuet sinn;
- keng Krankheeten oder Händikäpen hunn, déi mam Militärdéngscht net kompatibel sinn; an
- déi néideg intellektuell, moralesch a physesch Qualitéite mat sech bréngen.
[Änneren] Organisatioun
D'Lëtzebuerger Arméi wéi mer se haut kenne geet op d'Gesetz vum 29. Juni 1967 zréck, dat den obligatoresche Militärdéngscht ofgeschaf an déi nei Organisatioun vun der Arméi geregelt huet.
[Änneren] Organigramm
[Änneren] Missioun
D'gesetzlech Funktioun vun der Lëtzebuerger Arméi steet ganz am Kader vun der Force publique.
[Änneren] Ausrüstung
[Änneren] Uniform
Kuckt heifir den Artikel: Uniforme vun der Lëtzebuerger Arméi.
[Änneren] Waffen
- Pistoul Browning GP 9 mm
- Gewier Steyr AUG 5,56 mm
- Gewier Steyr AUG HBar 5,56 mm
- Maschinnegewier FN MAG 7,62 mm
- Schwéiert Maschinnegewier Mi .50 12,7 mm
- Anti-Panzerwaff LAW 66 mm
- Anti-Panzer-Waffensystem TOW
[Änneren] Gefirer
- HMMWV
- Camion MAN
[Änneren] Anert Gerät
- Radio PR4G
- Radio BAMS
[Änneren] International Organisatiounen
- NATO
- SHAPE
- UEO
- EUROCORPS
- OSCE - Organization for Security and Co-operation in Europe
- Europäesch Unioun