Hannes Alfvén
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Hannes Olof Gösta Alfvén, gebuer den 30. Mee 1908 zu Norrköping, a gestuerwen den 2. Abrëll 1995 zu Djursholm, war e schwedesche Physiker. Hie krut 1970 de Physik-Nobelpräis "fir seng grondleeënd Leeschtungen a Entdeckungen an der Magnetohydrodynamik mat fruchtbaren Applikatiounen a verschidenen Deeler vun der Plasmaphysik."
Den Hannes Alfvén gouf 1908 zu Norrköping gebuer. Seng Elteren, de Johannes Alfvén an d'Anna-Clara Romanus, waren allebeed praktizéiernd Medeziner. Säi Monni, den Hugo Alfvén, war e bekannte Komponist an Dirigent.
Vun 1926 un huet den Alfvén Physik a Philosophie op der Universitéit vun [[Uppsala]studéiert. 1934 krut hien do en Doktertitel fir seng Analys vun de ultrakuerzen elektromagnetesche Wellen. Nach am selwecht Joer huet hie ugefaang als Physik-Dozent op senger Universitéit z'ënnerriichten. 1937 huet en eng Plaz am Nobel.Institut fir Physik zu Stockholm kritt. 1940 gouf hie beruff als Professer fir elektromagnetesch Theorie an elektresch Miessungen am Kinneklechen Institut fir Technologie.
1935 huet den Alfvén sech bestuet mat der Kerstin Maria Erikson, dem Meedche vum Ingenieur Rolf Erikson a senger Fra Maria Uddenberg, déi zesumme fënnef Kanner groussgezunn hunn, d'Cecila, d'Inger, de Gösta, d'Reidun an d'Berenike. Deen eenzege Jong, de Gösta, gouf Medziner, d'Inger Schrëftstellerin, an en anert Affekotin.
Den Alfvén war ënner anerem Member vun der Kinneklech Schwedesch Akademie vun de Wëssenschaften zu Stockholm an der International Academy of Science. Hie war ausserdeem ee vun de seelene Wëssenschaftler vu senger Zäit, déi zu gläicher Zäit Member vun der amerikanescher an der sowjetescher Akademie vun de Wëssenschafte waren.
1995 ass den Alfvén am Alter vu 86 Joer gestuerwen.
D' Alfvén-Wellen, mechanesch Wellen bannent dem Plasma, sinn no him benannt. Den Asteroid 1778 Alfvén krut säin Numm wéinst senge Verdingschter fir d' Astrophysik.
[Änneren] Säi Wierk
Den Alfvén huet vun 1939 un d'Entstoe vun de Polarliichter an de magnéitesche Stierm ënnersicht, an den Afloss vu Magnéitfelder beim Entsoe vum Sonnesystem. Hien huet eng zentral Roll gespillt bei der Erfuerschung vun der Plasmaphysik, geluedenen Partikel-Strahlen, der interplanetarer Physik, der magnéitosphärescher Physik a besonnesch op dem Gebitt vun der Magnéitohydrodynamik, senger Spezialitéit.
Den Alfvén war ëmmer e Géigner vun der Urknall-Theorie. Schonns 1963 huet den Alfvén d'Theorie vertrueden, d'Universum hätt eng Fuesestrucktur mat Filamenter, wat kloer géint en Urknall schwätzt. Hie selwer huet d'Iddi vun engem Plasma-Universum fir déi plausibelst gehal; se konnt sehc awer net duerchsetzen.
Obwuel den Alfvén am Laf vu sengem Liewen vill Auszeechunge krut, so si seng Iddien laang Zäit vun der Fachwelt refuseéiert ginn. Dacks genuch war den Alfvén gezwongen, seng wëssenschaftlech Aarbechten an onbedeitenden Zäitschrëften ze publizéieren. Besonnesch d'Kritik vum briteschen Astronom a Geophysiker Sydney Chapman un sengen Theorien iwwer d'magnéitosphäresch Physik hunn et dem Alfvén net liicht gemaach, fir Ënnerstetzung fir seng Aarbecht ze kréien.
[Änneren] Auszeechungen
Den Alfvén krut 1970 de Physik-Nobelpräis "fir seng grondleeënd Leeschutngen a Entdeckungen an der Magnetohydrodynamik mat fruchtbaren Applikatiounen a verschidenen Deeler vun der Plasmaphysik."
- 1967: d' Goldmedail vun der Kinneklecher Astronomescher Gesellschaft
- 1971: d'Goldmedail vum Franklin-Institut
- 1971: d'Lomonosov-Goldmedail vun der sowjetescher Akademie vun de Wëssenschaften
[Änneren] Bicher
Niewent senge wëssenschaftleche Publikatiounen huet den Alfvén och populärwëssenschaftlech Bicher geschriwwen, e puer dovunner mat senger Fra.
- Atome, Mensch und Universum. Die lange Kette der Komplikationen, Suhrkamp, Frankfurt am Main, 1984.
- M Siebzig. Die Menschheit der siebziger Jahre, Suhrkamp, Frankfurt am Main, 1984.
- Kosmologie und Antimaterie. Über die Entstehung des Weltalls, Umschau-Verlag, Frankfurt am Main, 1984,
- Saga vom grossen Computer, Limes-Verlag, 1970.