Hayange
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Land: | ![]() |
Regioun: | Loutrengen |
Departement: | Moselle |
Arrondissement: | Diddenuewen-West |
Kanton: | Hayange |
Awunner: | 15.277 (1999) |
Fläch: | 12.23 km² |
Geographesch Koordinaten: | 49° 19’ 48’’ N, 06° 03’ 46’’ O |
Hayange ass eng franséisch Stad a Gemeng am Departement Moselle a Loutrengen, an Haaptuert vum Kanton mat demselchten Numm. D'Uertschaft läit ca. 10 km südwestlech vun Diddenuewen a gouf am Joer 821 éischtmols als Heingen ernimmt.
Hayange huet am Joer 1970 mat der Gemeng Saint Nicolas en Forêt, an 1971 mat Marspich fusionnéiert. Ranguevaux ass 1972 och derbäikomm. Dës Gemeng ass awer erëm 1987 onofhängeg ginn.
De Kanton vun Hayange huet 3 Gemengen: Hayange, Ranguevaux an Serémange-Erzange.
Zënter 1704 ass Hayange vun der Eisen- an Stolindustrie gepräegt. No villen Stëllleeungen an den 1970er an 1980er Joeren sinn haut nach d'Entreprisen Corus, déi Eisebunnschinnen produzéieren, an Sollac Lorraine zu Hayange aktiv.
[Änneren] Jumelagen
[Änneren] Bekannnte Leit
- D' Famill de Wendel huet vu 1704 u Schmelzen opgeriicht an de groussen industriellen Essor an dem Dall vun der Fensch weidergedriwwen.
- Gabriel Jean Joseph Molitor, franséische Generol a Maréchal de France.
- Sylvain Kastendeuch, professionelle Fousballspiller, Vizepresident vun de UNFP.