Hinzert
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Land: | Däitschland |
Budesland: | Rheinland-Pfalz |
Landkrees: | Tréier-Saarburg |
Verbandsgemeng: | Hermeskeil |
Gemeng: | Hinzert-Pölert |
Awunner (Gemeng): | 285 |
Koordinaten: | 49° 42’ 18’’ N, 06° 54’ 07’’ O |
Hinzert ass eng Uertschaft am Hunsrück am Landkrees Tréier-Saarburg a gehéiert mat der Nopeschtuertschaft Pölert zu der Gemeng Hinzert-Pölert an zu der Verbandsgemeng Hermeskeil.
Hinzert läit um Rand vun enger Dällt vum Osburger Hochwald. Seng Durchschnëttshéicht ass 490 m i. NN. Déi héchste Plaz läit op 522,9 Meter, an déi déifsten op 475.
Un de Verkeier ass Hinzert ugeschloss iwwer d'L 148 déi Kontakt huet mat der Bundesstrooss B 52 déi vun Tréier-Ehrang/Quint op Hermeskeil féiert.
Fréier ass och eng Eisebunnslinn laanscht Hinzert gelaaf an d'Gare war zu Pölert. D'Gebai an d'Plaz vun der Gare ginn haut vun engem Baumaterialenhändler benotzt.
Zu Hinzert gëtt eng Kapell dei dem Hellege Johannes geweit ass
D'Buergermeeschtesch ass d' Mathilde Müller.
[Änneren] Geschichtleches
Déi zwee Nopeschdierfer Hinzert a Pölert si sougenannte Rodungsdierfer déi tëscht 900 an 1200 enstane sinn. D'Uertschaft gëtt fir d'éischt schrëftlech an engem äerzbëscheeflechen Dokument vun 1220 ernimmt. An 2 Dokumenter aus dem Joer 1329 gëtt se eng Kéier als Hinsenroth, an déi aner Kéier als Huntzilroth ernimmt.
Géint 1542 heescht se Hunzraitt, 1569 Hunzerath an zwanzeg Joer méi spéit Hüntzerath.
Am Joer 1688 heescht se Hintzrerath wourausser lues a lues Hinzert ginn ass.
Haut ass Hinzert haaptsächlech bekannt well am Zweete Weltkrich do d'SS-Sonderlager Hinzert stoung.
Kuckt och den Artikel [[]]d'Artikelen SS-Sonderlager Hinzert an Commemoratiounsplaz Hinzertd'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] Nopeschuertschaften
- Pölert
- Beuren
- Farschweiler
- Reinsfeld