Landkrees
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Vertikal Verwaltungsstruktur vun Däitschland |
E Landkrees (an Nordrhein-Westfalen, Schleswig-Holstein an deelweis Hessen einfach Krees genannt) ass eng territorial Ënnerandeelung vun engem däitsche Bundesland, déi rechtlesch gesinn d'Form vun enger Gebittskierperschaft huet an deer hire Sënn an Zweck et ass, verschidden Aufgaben ze erliedege fir d'Gemengen, déi an der Verwaltungsstruktur ënnert hir stinn.
De Landkrees ass ëmmer da fir eng Aufgab zoustänneg, wann d'Leeschtungsfäegkeet vun der Gemeng net duergeet, wann e finanziellen Ausgläich fir d'Schafe vu gläichwäertege Liewensverhältnisser am Krees néideg ass, a wann eenheetlech Léisungen iwwer d'Gemengegrenzen ewech gefuerdert sinn.
Dës éischter partnerschaftlech Aufgabendeelung ass deemno net fix, an esou kënne gréisser an domadder och méi leeschtungsfäeg Gemengen zousätzlech Aufgaben iwwerhuelen, déi bäi méi klenge Gemenge vum Krees gedroe ginn.
Typesch Aufgabe vun engem Landkrees si virun allem Déngschtleeschtungen: de Bau an den Ënnerhalt vu Kreesstroossen, d'Führerschäiwiesen, d'Gesondheetswiesen, de Katastropheschutz, d'Liewensmëtteliwwerwaachung, d'Dreckseliminatioun, den Ëffentlechen Transport, d'Sozialhëllef, d'Rettungswiesen, den Déiereschutz, asw.
Fir d'Verwaltung vum Landkrees ass um Sëtz vun der Gebittskierperschaft, an der sougenannter Kreesstad, eng Administratioun ageriicht (Landrotsamt, Kreesverwaltung, Kreeshaus, etc.). Hei huet och de Landrot säin Déngschtsëtz.
[Änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Landkreeser an Däitschland
- Kreesfräi Stad